Eng Äerd
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2020 |
Première | 28. September 2020 |
Dauer | 85 min |
Faarf | Faarweg |
Format | 16:9 |
Filmformat | 1080p, Dolby 5.1 |
Originalsprooch |
Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch, Franséisch |
Ekipp | |
Regie | Tom Alesch |
Dréibuch | Tom Alesch |
Fotografie | Nikos Welter |
Musek | Emre Sevindik |
Schnëtt | Pia Dumont |
Produzent | Viviane Thill |
Produktiouns- gesellschaft | Centre national de l'audiovisuel |
Schauspiller | |
Eugènie Anselin (Stëmm vun der Animatiounsfigur) | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Eng Äerd ass en Dokumentarfilm iwwer nohalteg Initiativen zu Lëtzebuerg vum Realisateur Tom Alesch. De Film sollt fir d'éischt de 15. Mäerz 2020 um Luxembourg City Film Festival gewise ginn. Wéinst Covid-19 gouf de Festival vum 13. Mäerz u gestoppt. D'Première war schliesslech den 28. September 2020 am Kinepolis Kierchbierg.
De Film gouf op Initiative vum Centre for Ecological Learning Luxembourg (CELL) an dem Syndicat intercommunal « De Réidener Kanton » vum Centre national de l'audiovisuel produzéiert. Finanzéiert gouf e gréisstendeels vum Centre national de l'audiovisuel, vum Ëmweltministère a vun der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte.[1]
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Wann all Mënsch sou géif liewe wéi den duerchschnëttleche Lëtzebuerger, bräichte mer d'Ressourcë vun 8 Äerd-Planéiten. De Film weist unhand vu konkreete Beispiller Méiglechkeeten an Initiativen, fir (méi) nohalteg zu Lëtzebuerg ze liewen.[2]
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Et gëtt eng Versioun mat franséischen an engleschen Ënnertitel.
Fir Léierpersonal a Schüler gouf e pedagogeschen Dossier erstallt, mat weideren Informatiounen a Virschléi fir Aktivitéiten zum Theema Nohaltegkeet a Klimawandel. Dësen Dossier kann op der Websäit vum Film erof geluede ginn.
De CELL huet Virféierunge vum Film a Schoulen a Gemengen uechtert d'Land organiséiert.[3]
De Film huet de 26. Oktober 2021 de Präis an der Kategorie Medien vun Eurosolar Lëtzebuerg gewonnen an den 23. Februar 2023 den European Solarprize 2023 an der Kategorie Media and Communication.
Kritik
[änneren | Quelltext änneren]Marc Thill vum Lëtzebuerger Wort
„Die Zeit, in der wir uns schlecht fühlen, können wir besser nutzen, um etwas zu tun, was die Welt voranbringt.“ Deshalb setzt „Eng Äerd“ den Schwerpunkt nicht auf die Katastrophenszenarien, die uns bevorstehen könnten, wenn wir so weiter tun als bisher. Dieser Film ist keine Moralpredigt, er zeigt eine Vielzahl an Luxemburger Initiativen in allen möglichen Bereichen des alltäglichen Lebens, die jetzt schon ein besseres Miteinander möglich machen. [...] Der Film stimuliert, und genau das soll er auch. Ein gewisses „Landlust“-Ambiente strahlt aus den Bildern, insbesondere wenn die Kamera von Nikos Welter in Nahaufnahmen frisches Obst und Gemüse zeigt und der Ton von Doreen Teyka zwitschernde Vögel oder das Rauschen des Windes in den Bäumen einfängt. Die Musik von Emre Sevindik ist eine gefällige Mischung aus World und Urban-Klängen, der Schnitt ist harmonisch, die Interviews und Erklärungen sind leicht zugänglich und nicht allzu didaktisch. Sogar der Unterschied zwischen Markt– und Kapitalwirtschaft – nein, das ist nicht dasselbe! – wird leicht verständlich erklärt.
Gabrielle Seil vun der Revue
Der Überblick, den „Eng Äerd“ bietet, ist bemerkenswert. Fast alles kann man anders und besser machen. Und daher hat man als Otto-Normal-Verbraucher nach 85 Filmminuten ein ziemlich schlechtes Gewissen, weil man trotz Mülltrennung, Öko-Strom und regelmäßigen Einkäufen im Bio-Laden nicht genug tut. Mit den Schüler- und Studenten-Demonstrationen gegen den Klimawandel endet Tom Aleschs Aufruf zu mehr Umweltbewusstsein. Dass er nicht auch Andersdenkende zu Wort kommen lässt oder sich mit möglichen Nachteilen einer rein grünen Wirtschaft auseinandersetzt, ist der einzige Kritikpunkt. Zu den Pluspunkten zählt derweil die Tatsache, dass komplexe Zusammenhänge höchst verständlich erklärt werden und der Film unbedingt in Schulen gezeigt werden müsste. Aufklärung beginnt halt früh, und da immerhin unser Überleben auf dem Spiel steht, kann früh nicht früh genug sein.
„Eng Äerd“ ist ein enorm optimistischer Film, der sich auf die Lösungen fokussiert, ohne sich lange damit aufzuhalten, die Probleme zu erklären. Was es genau bedeutet, dass der luxemburgische Lebensstil acht Erden verbraucht, wird nicht erläutert. Das hat jedoch den großen Nachteil, dass die Zuschauer*innen entweeder ein großes Vorwissen über Zusammenhänge haben müssen oder aber es unmöglich wird, die gezeigten Bilder einzuordnen. So stehen die solidarische Landwirtschaft, der Bio-Großhandel und das Haus aus alten Reifen irgendwie alle auf einer Ebene, obwohl es vielleicht deutliche Unterschiede gäbe, die jedoch nicht zur Sprache kommen. [...] Bei unbedarften Zuschauer*innen könnte am Ende des Films der Eindruck entstehen, dass es ohnehin genügend Menschen gibt, die sich um die Weltrettung kümmern, und man selbst nichts tun müsse.
D'Zil, d'Leit ze encouragéieren, ass der Filmekipp relativ gutt gelongen. Den Documentaire schafft net mat Katastrophenzeenarien, mee mat klore Fakten. E proposéiert grouss a kleng Iddien, déi mir eleng oder zesumme kënnen ëmsetzen. Et komme ganz verschidde Leit aus verschidden Initiativen a verschidde Motivatiounen zesummen, déi weisen: Wa mir wierklech eppes wëllen, da kréie mir dat och hin.
De Michel Delage sot um Radio 100,7:[1]
"Eng Äerd" ass e gutt Beispill vu militantem am Géigesaz zu engagéiertem Kino. Hei kritt een en Iddie-Katalog vun enger Beweegung presentéiert, ouni datt déi Iddie verdéift, a Fro gestallt oder wéinstens problematiséiert géife ginn. Schonn eleng d'Behaaptung, datt ee mat Wand- a Solarenergie de ganze Besoin kéint ofdecken ouni datt dat vill méi géif kaschten ewéi mam aktuellen Energiemix, ass méi ewéi diskutabel.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Websäit vum Film mat Link op den "Dossier pédagogique"
- Trailer op vimeo.com
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ 1,0 1,1 100komma7.lu: Katchëssem vum gudden Eko-Aktivist (30. September 2020)
- ↑ De Film um Sire vum LuxFilmFest
- ↑ 3,0 3,1 woxx.lu: Dokumentarfilm „Eng Äerd“: Hurra, wir retten den Planeten! (1. Oktober 2020)
- ↑ eldoradio.lu: Wéi nohalteg ass Lëtzebuerg? (net datéiert; gekuckt de 6. Dezember 2021)