Eolesch Inselen

Vu Wikipedia
Eolesch Inselen
Geographie
Land Italien
Koordinaten 38°29'47,8"N, 14°56'9,2"O
Fläch 114,7 km²
Héchste Punkt Monte Fossa delle Felci (962 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Provënz Messina
Demographie
Awunner 15.419
Awunnerdatum 2019
Aner Informatiounen
Zäitzon UTC+1, UTC+2

D'Eolesch Inselen (Italieenesch: Isole Eolie) oder Liparesch Inselen (no der Haaptinsel Lipari) sinn e vulkanescht Archipel nërdlech vu Sizilien, am Tyrrhenesche Mier.

D'Eolesch Insele sinn hirer 27, wouvun der awer nëmme 7 bewunnt sinn:

  • Lipari, mat 10.554 Awunner, d'Haaptuertschaft ass d'Stad Lipari. Hei gëtt Bimssteen ofgebaut;
  • Salina, 2.300 Awunner, ass mat 27 km² déi zweetgréisst Insel vum Archipel
  • Vulcano huet 717 Awunner. Den 391 Meter héije Vulkan ass fir d'lescht 1890 ausgebrach, et gëtt awer um Bord vum Krater konstant Emanatioune vu Schwiefeldämp (sougenannt fumeroli). Och op Plaze beim oder am Mier komme sou Dämp eraus, an de Bulli, dee sou entsteet, gëtt fir therapeutesch Bieder benotzt.
  • Stromboli huet 420 Awunner, an ass bekannt wéinst sengem Vulkan, deen aktiv ass;
  • Panarea, huet 280 Awunner an ass 3,4 km² grouss;
  • Filicudi, 250 Awunner, besteet aus 6 Vulkanen, déi net méi aktiv sinn;
  • Alicudi, 150 Awunner, ass déi westlechst Insel vum Archipel.

Si sinn zanter 2000 op der UNESCO-Lëscht vun de Weltierwen agedroen.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Benito Merlino, Les îles éoliennes (photographies Nello Raffaele et Monique Rosenthal), Acanthe, Paris, 2005, 119 p.
  • Peter Amann: Liparische Inseln. Mit reisepraktischen Tipps Neapel und Milazzo. 5. Auflage. Reisebuchverlag Iwanowski, Dormagen 2010, ISBN 978-3-933041-91-3. (2005 Frankfurter Buchmesse ENIT-Preis "Bester Reiseführer Italien")
  • Eva Gründel, Heinz Tomek: Liparische Inseln. DuMont Reiseverlag, Köln 2003, ISBN 3-7701-6028-2.
  • Ludwig Salvator <Österreich, Erzherzog>: Die Liparischen Inseln. Mercy, Prag 1893-96.
  • Thomas Schröder: Liparische Inseln. 3. Auflage. Michael Müller Verlag, Erlangen 2004, ISBN 3-89953-174-4.
  • Roland Zoss: Die Insel hinterm Mond - äolische Erzählung. 2. Auflage. Licorne Verlag, Murten 1998, ISBN 3-85654-853-X.

Billergalerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eolesch Inselen – Biller, Videoen oder Audiodateien