Stromboli

Vu Wikipedia
GeoItalien.png Dëse Geographiesartikel iwwer Italien ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Nuetsfoto vum Stromboli, dee Feier späizt, ee Bild, dat d'Passagéier vu Schëffer ëmmer erëm bewonnere kënnen

De Stromboli ass e Vulkan respektiv eng italieenesch Insel mat vulkaneschen Originnen am Mëttelmier nërdlech vu Sizilien.

D'Insel Stromboli gehéiert mat hiren Nopeschinselen Lipari, Salina, Vulcano, Panarea, Filicudi an Alicudi zur Inselgrupp vun den Eoleschen oder Lipareschen Inselen (Isole Eolie) am Tyrrhenesche Mier.

D'Héicht vun der Insel, déi sech géi aus dem Waasser erhieft, an nobäi d'Form vun enger Keel huet, erreecht zirka 926 m. Si erstreckt sech iwwer eng Fläch vun nëmme ronn 12,6 Kilometer carré, wat bei dëser Héicht schonn ongewéinlech ass.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • De Stromboli kann erklomm ginn, dat allerdéngs net ongeféierlech ass
  • De Passagéier vu Croisièreschëffer, déi nuets laanscht fueren, bitt sech een aussergewéinlecht Schauspill, wann de Vulkan, vun Zäit zu Zäit stoussweis seng Äschen erausspäitzt an de ganzen Himmel da rout beliicht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Stromboli – Biller, Videoen oder Audiodateien