Op den Inhalt sprangen

Erik Bertil Holmberg

Vu Wikipedia
Erik Bertil Holmberg
Gebuer 13. November 1908
Gestuerwen 1. Februar 2000
Nationalitéit Schweden
Educatioun Universitéit Lund
Aktivitéit Astronom, Kosmolog
Member vun Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften

Den Erik Bertil Holmberg, gebuer den 13. November 1908 zu Tofteryd, a gestuerwen den 2. Mäerz 2000 zu Partille, war en schweedeschen Astronom.

Den Doktertitel krut hien am Joer 1937 op der Universitéit Lund fir d'Ënnersiche vun Duebel- a Méifachgalaxien ënner Uweisung vum Knut Lundmark. Hie war Professer am Observatoire vu Lund an duerno Professer an Direkter am Astronomeschen Observatoire vun der Universitéit Uppsala.

Wëssenschaftlech Aarbecht

[änneren | Quelltext änneren]

Hie gouf bekannt fir seng Ënnersich iwwer d'Wiesselwierkung vu Galaxien. Schonn 1941 hat hien d'gravitativ Kräfte simuléiert, déi bei der Interaktioun vun zwou Galaxien entstinn. Hien hat dozou eng Andeelung vu Gléiluuchte gebraucht, déi an hirer Glidderung d'Verdeelung vun de Galaxien a mat hirer Hellegkeet déi jeeweileg lokal Stäre vum Gravitatiounsfeld duerstellen. Mat Hëllef vu Fotozellen konnt hie sou d'Begéine vun zwou Galaxien moossen an hat erausfonnt, datt zwou Galaxien déi sech begéinen dacks zu enger grousser Galaxie verschmëlzen. Seng Resultater konnten allerdéngs eréischt 20 Joer méi spéit geséchert ginn, wéi d'Computer gutt genuch fir d'Berechnung vun de Wiesselwierkunge waren.

Mé spéit huet hie sech mat den Auswäertunge vun Observatiounsdate beschäftegt (Moosse vu Galaxienhellegkeeten) an huet deen no him genannten Holmberg-Radius definéiert. Mat deem Wäert ass et méiglech, de Radius vun enger Galaxie onofhängeg vun hirer Orientéierung am Raum ofzeschätzen. Dobäi gëtt de Radius gemooss, an deem d'Flächenhellegkeet 26,5 Magnitude pro Quadratbousekonn ass (gemooss am bloe Wellelängteberäich vum visuelle Liicht). Den Holmberg hat ausserdeem en Zesummenhank tëscht der Helleegkeet vun enger Galaxie an hirer Faarf (Holmberg-Bezéiung) fonnt a bewisen, datt elliptesch Galaxien am Allgemenge méi al si wéi Spiralgalaxien.

Portal Astronomie