Eurasesch Runn
Eurasesch Runn | |||||||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Europäesch Runn (Vespa crabro) | |||||||||||||||||||
Aner Sproochen: | de: Hornisse fr: frelon européen en: European hornet | ||||||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||||||
| |||||||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||||||
Vespa crabro L. 1758 |
D'Eurasesch Runn, Vespa crabro, gehéiert zu deene gréissten Falenharespelen, déi a Mëtteleuropa liewen.
Den Numm
[änneren | Quelltext änneren]Op Lëtzebuergesch huet d'Eurasesch Runn e ganze Katalog vun Nimm, déi hei an der Originalschreifweis vum Klees zitéiert ginn:[1] Bless (Kanech), Drëun, Dusch; déck, gëfteg, grouss Vesper, déck Horespel, Harles (Süden), Hara(a)spel, Har(r)ujhel, Hesper, déck Fesper, Hora(a)ss, Huesch (Veianen), Hujhel, Humm (Fiels), Hunsch(el), Hu(u)sch, Kelterhaangelisch, Kinnek, Nainaangel, Näimäerder, Päerdshoarespel, Ronsch, Rumm, Runsch, Runn(ebei), Runnert, Stoaraspel, Tunsch (Munneref), wëll Väsper, rose Bei.
D'Kierperlängt vun der Kinnigin ass bis 35 mm, déi vun den Aarbechtsrunne 16 bis 25 mm an déi vun de männleche Runnen 20 bis 28 mm. D'Runne liewen a Staaten, déi ee Joer halen.
Liewensweis
[änneren | Quelltext änneren]D'Eurasesch Runne bauen hir Näschter op Späicheren, ënner Diech oder a Bamhielen. Méi seele benotzte Plaze si Vullenhaisercher oder Beiestäck[2]. D'Näschter bestinn aus alem Holz dat zerknat a mam Spaut gebonne gëtt.
Am Fréijoer formt d'Kinnigin e Still, si mécht den Ufank. Duerno hänkt si Woben dru fir déi éischt Eeër ze leeën. An all eenzel Wob gëtt en Ee geluecht.
D'Larve brauchen dann zwou Woche bis se gewuess sinn. Da verpoppt d'Larv sech. No weideren zwou Woche klëmmt d'Runn aus der Popp eraus. Déi éischt Aarbechtsrunne bauen da weider Woben. Sou geet et dann no an no weider bis d'Nascht ëmmer méi fest a méi grouss gëtt. Am spéide Summer ass d'Nascht da fäerdeg a kuerz drop stierft d'Vollek. Iwwereg bleiwe just déi jonk Kinniginnen.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Klees, Henri, 1981. Luxemburger Tiernamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde XIV. 131 S., Pierre Linden, Lëtzebuerg.
- Schneider, N., 2017. Nids d'hyménoptères aculéates remarquables observés de 2012 à 2016 au Luxembourg et en Lorraine proche (Insecta, Hymenoptera, Aculeata). Bull. Soc. Nat. luxemb. 119: 145-148. PDF 2.74 MB
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Europäesch Runn – Biller, Videoen oder Audiodateien |