Europäesche Conseil
Dësen Artikel beschäftegt sech mat de reegelméissege Sommete vun den EU-Staats- a Regierungscheffen. Fir d'Decisiounsinstanz vun der EU, kuckt wgl. Conseil vun der Europäescher Unioun. |
Den Europäesche Conseil (och alt "EU-Sommet" genannt) bréngt d'Staats- a Regierungscheffe vun der Europäescher Unioun (EU), hir Ausseministeren an och de President vun der Europäescher Kommissioun zesummen. E leet déi allgemeng politesch Orientéierunge vun der EU fest a spillt domat eng decisiv Roll doran, wéi a wuer d'EU sech entwéckelt, wat hir Prioritéite sinn, asw.
En huet säi Sëtz zu Bréissel am Europa Building.
Organisatiounsform
[änneren | Quelltext änneren]Den Europäesche Conseil kënnt gewéinlech véiermol am Joer zesummen, kann awer vu sengem President zu aussergewéinleche Sommeten zesummegeruff ginn, wann d'Aktualitéit dat erfuerdert. Seng Aufgaben a Funktiounsweis sinn am Art. 15 vum EU-Traité an dem Art. 235 an 236 vum Traité iwwer d'Funktionéiere vun der Europäescher Unioun gereegelt.
De President gëtt op zwee an en halleft Joer vun de Staats- a Regierungscheffe gewielt; hien däerf soss kee politescht Mandat hunn. Seng Roll ass et, eng Kontinuitéit an der Aarbecht vum Europäesche Conseil ze garantéieren a bei Konflikter ze vermëttelen a Kompromësser ze proposéieren; hien huet awer keen eegent Stëmmrecht.
Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]- Dez. 2009 - Nov. 2014: Herman Van Rompuy
- Dez. 2014 - Nov. 2019: Donald Tusk
- Dez. 2019 - Nov. 2024: Charles Michel
- zanter Dez. 2024: António Costa
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Zanter 1969 sinn d'Staats- a Regierungscheffen an onreegelméissegen Ofstänn zesummekomm. 1974 si se sech Eens ginn, dat vun do u reegelméisseg ze maachen. Mam Akraafttriede vum Eenheetlechen Europäeschen Akt 1987 gouf den Europäesche Conseil als EU-Institutioun an d'Europäesch Traitéen opgeholl.
Virum A-Kraaft-Triede vum Traité vu Lissabon war de President dee Staats- oder Regierungschef, deem säi Land grad d'Presidence hat. Virum Akraafttriede vum Traité vun Nice waren des Sommete gewéinlech an deem Land, dat grad d'Presidence huet, zanterhier ass dat ëmmer méi dacks zu Bréissel, fir d'éischt am Justus-Lipsius-Gebai, wou och de Conseil vun der Europäescher Unioun säi Sëtz huet, an zanter 2016 am neien Europa-Gebai.
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Den Europäesche Conseil ass z'ënnerscheede vum Conseil vun der Europäescher Unioun, deen, zesumme mam Europäesche Parlament, d'Legislativorgan vun der EU ass: hei stëmmen déi jeeweileg Fachministeren nei Gesetzer of, déi an der EU gëllen.
Weider däerf een en net mam Europarot (op Franséisch "Conseil de l'Europe") verwiesselen. Dëst ass nämlech eng eegestänneg international Organisatioun mat Sëtz zu Stroossbuerg, déi näischt mat der EU ze dinn huet, an an där och Länner wéi z. B. d'Tierkei oder d'Schwäiz Member sinn. Seng Kompetenz läit virun allem am Beräich Mënscherechter. Den Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter ass Deel dovun.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Institutioune vun der Europäescher Unioun
- Conseil vun der Europäescher Unioun
- Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun
- Europedia
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Europäesche Conseil – Biller, Videoen oder Audiodateien |