Fënneffache Muerd um Wandhaff

Vu Wikipedia
Artikel aus der Obermosel-Zeitung vum 27.07.1945

De fënneffache Muerd um Wandhaff war e Muerdfall am Summer 1945 um Wandhaff bei Welschent (Gemeng Buerschent).

Dobäi goufen den 21. Juli 1945 déi 5 Membere vun der Piechterfamill vum Haff, de Johann Weyer a seng Fra Susanne, gebuere Gaspers, hiren erwuessene Jong Mathias, de Kniecht Josef Lucas an d'Mod Leonie Colling, all mat engem Karabiner no vun hannen, an der Stuff vum Haus, erschoss.

E Fangerofdrock, deen op der Plaz vun der Dot fonnt gi war, huet dozou gefouert, datt een e puermol virbestroofte Mann, den Nicolas Bernardy, wéinst fënneffachem Raubmuerd ugeklot an dowéinst schlussendlech de 4. Mee 1948 virun den Assisen zum Doud verurteelt gouf, obwuel e säi Geständnes, dat en no senger Festnam gemaach hat, widderruff hat an e fréiere Friemelegionär a Sergeant vun der Lëtzebuerger Arméi, deen och e wichtegen Zeie war, belaascht huet, datt deen déi 5 Leit ëmbruecht hätt. En Appel virum Cassatiounsgeriicht ass net unerkannt ginn, an och eng Demande ëm Begnodegung bei der Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg ass net accordéiert ginn.[1]

De Bernardy gouf de 7. August 1948 higeriicht a war domat zanter der Aféierung vum Code pénal vun 1879 deen eenzege Verbriecher zu Lëtzebuerg, dee wéinst engem Urteel am Droit commun exekutéiert gouf. Gläichzäiteg war et déi lescht Persoun, déi zu Lëtzebuerg higeriicht gouf.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Andonovic Vesna: „Présentez armes. En joue. Feu!“ In Luxemburg gab es standrechtliche Erschießungen – ein Holzpfahl zeugt heute noch stumm davon. Luxemburger Wort vum 4. September 2017, S. 14
  • Bingenheimer, V.: Fünffacher Mord auf dem Windhof bei Ettelbrück. Ein verräterischer Daumenabdruck. Luxemburger Wort vum 25. Juli 2015, S. 12-13. — Kuck och: Auge um Auge, Zahn um Zahn: Vor genau 70 Jahren erschüttert ein grausames Verbrechen das Großherzogtum.wort.lu, 26.7.2015.
  • Claude Wey: Der Fall Bernardy: Der Fünffachmord von Windhof-Welscheid und die letzte Hinrichtung eines Gemeinverbrechers im gesellschaftlichen und politischen Spannungsfeld der frühen Luxemburger Nachkriegszeit (1945-1948). In: Marie-Paule Jungblut, Fabrizio Ceccarelli, Jim Welsch, Claude Wey (Hgg.): Mord und Totschlag. Begleitband zur gleichnamigen Ausstellung des historischen Museums der Stadt Luxemburg, 10. Juli 2009 - 28. Mäerz 2010. = Publications scientifiques du Musée d'Histoire de la Ville de Luxembourg, XIV, Luxembourg 2009, S. 182-211. PDF
  • Evy Friedrich: "Die letzte Hinrichtung in Luxemburg." In: Revue Nr.1, 6.1.1973, S. 30-33.

zäitgenëssesch[änneren | Quelltext änneren]

  • Die Mordaffäre von Windhof (Ettelbrück) geklärt: Der Täter verhaftet und geständig. Luxemburger Wort 30.10.1945, S. 3. [1]
  • Der Raubmörder von Windhof vor den Assisen. Nic. Bernardy zum Tode verurteilt. Tageblatt, 5. Mee 1948, S. 6. [2]
  • Der Raubmörder von Windhof vor den Assisen: Das Zeugenverhör. Tageblatt, 7. Mee 1948, S. 4. [3]
  • Bernardys Kassationsantrag verworfen. Luxemburger Wort 1948, Nr. 156 (4. Juni), S. 4. [4]

Verfilmung[änneren | Quelltext änneren]

Dem Christophe Wagner säi Film Eng nei Zäit (Samsa Film, 2015) gräift dëse Muerdfall a fiktionaliséierter Form op (de Wandhaff gouf do a "Waldhaff" ëmgenannt).[2]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Wey an der Literatur.
  2. Fiche op samsa.lu.