Francis of Delirium

Vu Wikipedia
Francis of Delirium
Francis of Delirium op Europatour zu Prag am Fréijoer 2004
Museksgenre Indie-Rock, Grunge, Indie-Pop
Land Lëtzebuerg
Grënnung 2019
Websäit www.francisofdelirium.com
Aktuell Memberen Jana Bahrich (Gesank, Gittar), Chris Hewett (Batterie, Produktioun)
D'Jana Bahrich,2021

Francis of Delirium ass e kanadesch-US-amerikanesche Museksduo, deen zu Lëtzebuerg gegrënnt gouf an och do baséiert ass.

Bandgeschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Projet gouf vun der deemools siwwenzéngjäreger Schülerin Jana Bahrich 2019 gegrënnt. Si ass eng Kanadierin, déi an der Belsch gebuer gouf an 2014 op Lëtzebuerg geplënnert ass.[1] Zu Lëtzebuerg war si an der selwechter Schoul wéi d'Duechtere vum Batteur Chris Hewitt, deen ursprénglech vu Seattle kënnt. Zesummen hu si séier ugefaange Musek ze maachen.[2],[3] Nach am selwechte Joer hu Francis of Delirium um Newcomerconcours Screaming Fields matgemaach an do de Präis fir déi bescht Live-Performance gewonnen. Och de Song Contest hu si do gewonnen. Domat krute si d'Méiglechkeet, e Lidd am Tounstudio vun der Rockhal professionell opzehuelen, e Videoclip ze dréinen an d'Joer drop live an der Rockhal opzetrieden.[4]

Am Januar 2020 gouf déi éischt Single Quit Fucking Around an de Museksvideo verëffentlecht. Eleng op Spotify gouf et iwwer 1,8-milliounemol gestreamt. Och déi zweet, drëtt a véiert Singelen, Circles, Ashamed a Karen, kruten all e Museksvideo. Et waren Extraite vun der EP All Change, déi am Juni 2020 beim brittesche Plackelabel Dalliance Recordings op de Maart koum. D'EP behandelt negativ Gedankemusteren a wéi se all Aspekt vun enger Persoun hirem Liewe iwwerhuele kënnen. All Lidd dréint sech op déi eng oder aner Manéier ëm dat Theema.[5]

Den Titel Equality Song huet d'Jana Bahrich am Optrag vum Lëtzebuerger Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer geschriwwen, fir 100 Joer Fraewalrecht ze feieren.[6]

Déi zweet EP Wading hu Francis of Delirium am Abrëll 2021 verëffentlecht. Den Extrait Let It All Go krut e Video a Claymation-Technik. Am selwechte Joer ass den Duo och e puermol zu Lëtzebuerg an a Groussbritannien opgetrueden. Am Oktober 2021 goufe s'um brittesche Radiosender BBC Radio 1 virgestallt an interviewt.[7],[1]

Och d'Joer drop hate si eng ganz Rei Concerten am Vereenegte Kinnekräich, haaptsächlech als Virgrupp vun der Rocksängerin Soccer Mommy, an och an den USA, Frankräich an anere Länner hu si gespillt. Och op den Escher Francofolies si s'opgetrueden. Donieft hu se d'EP The Funhouse am Abrëll 2022 erausbruecht. Bei de Lëtzebuerger Musekspräisser 2022 ware Francis of Delirium direkt an zwou Kategorien nominéiert: "Op der Bün" an "Nowuesstalent". Och bei den europäesche Musekspräisser Music Moves Europe Awards vun der Europäescher Unioun war si als éischte lëtzebuergesche Kënschtler nominéiert.[8]

2023 hu Francis of Delirium d'Lidder Real Love a First Touch erausbruecht. De Rares Matei an d'Jana Bahrich hu gemeinsam de Clip vum Titel Real Love gedréint, dee méi a Richtung Indie-Pop geet.[9]

Den Numm Francis of Delirium ass inspiréiert vun enger Erfarung aus der Kandheet vun der Sängerin. Deemools huet eng Fra mam Numm Francis, déi am Altersheem vun der Jana Bahrich hire Grousseltere gewunnt huet, hir wärend hire Visitte Beleidegungen nogeruff.[3],[10]

Diskografie[änneren | Quelltext änneren]

EPen[änneren | Quelltext änneren]

  • 2020: All Change
  • 2021: Wading
  • 2022: The Funhouse

Lidder (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 2020: Quit Fucking Around
  • 2020: Circles
  • 2020: Ashamed
  • 2020: Karen
  • 2020: Equality Song
  • 2020: Lakes
  • 2021: Let It All Go
  • 2021: Red
  • 2021: I Think I'm Losing
  • 2021: Come Out and Play
  • 2021: All Love
  • 2022: The Funhouse
  • 2022: Mirrors
  • 2023: Real Love
  • 2023: First Touch

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 delano.lu: Francis of Delirium in the same agency as Brad Pitt and Beyoncé vum Julien Carette (18. Januar 2022)
  2. lequotidien.lu: Jana Bahrich (Francis of Delirium) : «Le rock, c’est s’échapper en martelant sa guitare» vum Grégory Cimatti (3. AUgust 2020)
  3. 3,0 3,1 fingertipsmusic.com: “The Funhouse” – Francis of Delirium (21. Abrëll 2021)
  4. mega.public.lu: Francis Of Delirium – Taina Bofferding Félicite La Lauréate Du Screaming Fields Song Contest (13. Juli 2019)
  5. godisinthetvzine.co.uk: Introducing: Francis of Delirium (7. Juli 2020)
  6. thelineofbestfit.com: “Equality Song” is a powerful and poignant message from Francis of Delirium vum Ben Miles (7. September 2020)
  7. D'Emissioun op bbc.co.uk
  8. kulturlx.lu: Francis of Delirium nominated for the prestigious Music Moves Europe Awards 2022 (7. Januar 2022)
  9. visions.de: Liebesschwüre vum Lisa Elsen (19. Juli 2023)
  10. Get To Know: fierce but thoughtful alternative rockers Francis of Delirium vum Conor Lochrie (4. Mee 2022)