Franco Coppola

Vu Wikipedia
Dëse Reliouns- a Glawensartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Franco Coppola
Gebuer 31. Mäerz 1957
Maglie
Nationalitéit Italien
Aktivitéit kathoulesche Priister

De Franco Coppola, gebuer den 31. Mäerz 1957 zu Maglie, ass en italieenesche Geeschtlechen, kathouleschen Äerzbëschof an Diplomat vum Hellege Stull.

De Poopst Franciscus huet hien den 31. Januar 2014 als apostouleschen Nuntius fir d'Zentralafrikanesch Republik genannt an den 2. Abrëll 2014 zousätzlech fir den Tschad. Den 9. Juli 2016 huet en déi Plaz fir Mexiko iwwerholl.

De Franco Coppola gouf de 15. November 2021 als Nuntius fir d'Belsch an dunn, de 14. Dezember 2021, zousätzlech fir Lëtzebuerg genannt. Hie gouf domat den Nofollger vum Augustine Kasujja.

De 16. Mäerz 2022 gouf de Franco Coppola vum Grand-Duc akkreditéiert[1][2].

Hien huet d'Hochzäitsmass vun der Prinzessin Alexandra den 29. Abrëll 2023 zu Bormes-les-Mimosas presidéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]


Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cour grand-ducale, Accréditations de nouveaux ambassadeurs au Luxembourg - 16 mars 2022. www.monarchie.lu (16.02.2022). Gekuckt de(n) 18.03.2022.
  2. Groussherzoglechen Haff: 5 nei Ambassadeure akkreditéiert. www.rtl.lu (18.03.2022). Gekuckt de(n) 18.03.2022.