Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften
Den Traité iwwer d'Asetze vun engem gemeinsame Conseil an enger gemeinsamer Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften, vereinfacht Fusiouns-Traité oder och Traité vu Bréissel genannt, ass en Europäeschen Traité, deen den 8. Abrëll 1965 zu Bréissel tëscht de 6 Grënnungs-Memberstaate vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft ënnerschriwwe gouf. En ass den 1. Juli 1967 a Kraaft getrueden.
Mam Traité goufen d'Exekutiv-Strukturen, déi duerch den EWG-Vertrag, de CECA-Vertrag an den Euratom-Vertrag agesat gi waren, fusionéiert. Zu där Zäit gouf et schonn e gemeinsame Geriichtshaff an e gemeinsaamt Parlament.
En huet de Conseil an d'Kommissioun vun den Europäesche Gemeinschaften geschaf, déi een eenzege Budget zesummen haten an hire Sëtz zu Bréissel haten.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Den Text vum Traité um European Navigator
Ënnerzeechnung A Kraft getrueden Traité |
1948 1948 Bréisseler Pakt |
1951 1952 CECA |
1954 1955 Paräisser Traitéen |
1957 1958 Roum |
1965 1967 Fusiouns- traité |
1986 1987 Acte unique |
1992 1993 Maastricht |
1997 1999 Amsterdam |
2001 2003 Nice |
2007 2009 Lissabon |
|||||||||||
Europäesch Communautéiten | Dräi Saile vun der Europäescher Unioun | ||||||||||||||||||||
Europäesch Atomgemeinschaft (Euratom) | → | ← | |||||||||||||||||||
Europäesch Communautéit fir Kuel a Stol (CECA) | Traité 2002 ausgelaf | Europäesch Unioun (EU) | |||||||||||||||||||
Europäesch Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) | Europäesch Communautéit (EC) | ||||||||||||||||||||
→ | Justiz an Interieur (JI) | ||||||||||||||||||||
Zesummenaarbecht vu Police a Justiz bei Strofaffären (PJZS) | ← | ||||||||||||||||||||
Europäesch Politesch Zesummenaarbecht (EPZ) | → | Gemeinsam Aussen- a Sécherheetspolitik (GASP) | ← | ||||||||||||||||||
Westunioun (WU) | Westeuropäesch Unioun (WEU) | ||||||||||||||||||||
zum 1. Juli 2011 opgeléist | |||||||||||||||||||||
![]() |
Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun. |