Fédération luxembourgeoise des échecs
Fédération luxembourgeoise des échecs | |
---|---|
Ofkierzung | FLDE |
Grënnungsdatum |
18.10.1931 (ASBL 13.10.2006) |
Sëtz |
3, route d'Arlon L - 8009 Stroossen |
President | Pierre Fattebene |
Generalsekretär | Bernard Linster |
Tresorier | John Hentges |
Member vu(n) | COSL, ECU, FIDE |
Websäit | www.flde.lu |
D'Fédération luxembourgeoise des échecs, ofgekierzt FLDE, ass den nationale Verband vun de Schachveräiner zu Lëtzebuerg.
D'FLDE ass responsabel fir d'Reglementatioun vum Schach am Lëtzebuerger Land. Si gruppéiert all d'Veräiner déi Schach spillen an organiséiert déi verschidden national an international Kompetitioune grad wéi déi individuell Landesmeeschterschaften an de verschiddenen Alterskategorien, d'Veräinsmeeschterschaften, d'Couppen an d'Tournoien an arrangéiert och d'Schachnationalekippen.
D'FLDE ass 1931 gegrënnt an den 13. Oktober 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[1].
Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL (zënter 1950), der European Chess Union an der Fédération internationale des échecs (FIDE, zënter 1946).
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'FLDE ass den 18. Oktober 1931 vu véier Veräiner, Cercle d'échecs La tour, L'échiquier luxembourgeois rue de l'eau, Club d'échecs 1915 Luxembourg-Gare a Club d'échecs Esch-Alzette, am Café Philippe zu Esch-Uelzecht gegrënnt ginn.
De Verband huet am Ufank Fédération luxembourgeoise d'Échecs geheescht a krut an den 1950er Joren den haitegen Numm ëmgenannt.
Den éischte President war de Francis Kraus vum Lampertsbierger Veräin La Tour.
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]De President vun der FLDE ass zënter 2012 de Pierre Fattebene (Diddeleng).
Fréier Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]- 1931-1933: Francis Kraus (La Tour Lampertsbierg)
- 1933-1935: François Gillissen (neutral)
- 1935-1950: Arthur Daubenfeld (neutral)
- 1950-1968: Marcel Fischbach (neutral, Dummeldeng, Neiduerf)
- 1968-1977: Albert Nicklaus (Dummeldeng, neutral)
- 1978-1987: Maurice Thoss (Esch Rochade)
- 1987-1989: Gaston Hilgert (Stengefort)
- 1989-1995: René Recking (Bouneweg)
- 1995-1996: Alphonse Conrady ff. (Ettelbréck)
- 1996-2000: Alphonse Conrady (Ettelbréck, Nordstad)
- 2000-2007: Ady Christoffel (Diddeleng)
- 2007-2012: Claude Birtz (Schëffleng)
Zentralkommitee vun der FLDE[2]
[änneren | Quelltext änneren]- President: Pierre Fattebene
- Vizepresident: Jacques Steinmetzer
- Generalsekretär: Bernard Linster
- Tresorier: John Hentges
- Techneschen Direkter: Olivier Jeitz
- Kaderkommisioun: Paul Goerens
- Jugendkommissioun: Andreia Gaspar
Membere vun der FLDE[3]
[änneren | Quelltext änneren]- Caïssa Junglinster
- Cercle d'échecs Gambit Bonnevoie
- Cercle d'échecs Mertert-Wasserbillig
- Cercle d'échecs Philidor Dommeldange-Beggen
- Cercle d'échecs Steinfort
- Cercle d'échecs La Tour 1930
- Cercle des échecs Bettembourg
- Cercle des échecs Dudelange
- Chess Atmosphere Manternach
- Chess Club Stroossen
- Chess Lions Bertrange
- Chess Stars Roeser
- Esch rochade reine
- Le cavalier Differdange
- Les pions ardennais Perlé
- Luxembourg 1915
- Schachclub Tuerm a Sprénger Matt Schëffleng
- Schachklub De Sprénger Echternoach
- Schachklub Nordstad
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F5891 agedroen
- ↑ (en)Sur nous - F.L.D.E. Archivéiert de(n) 23.12.2023. Gekuckt de(n) 23.12.2023.
- ↑ (en)Les Clubs - F.L.D.E.. Gekuckt de(n) 23.12.2023.