Gale Bruno van Albada

Vu Wikipedia
Gale Bruno van Albada
Gebuer 28. Mäerz 1912
Amsterdam
Gestuerwen 18. Dezember 1972
Amsterdam
Nationalitéit Holland
Educatioun Universiteit van Amsterdam
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser
Member vun Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen

De Gale Bruno van Albada, gebuer den 28. Mäerz 1912 zu Amsterdam a gestuerwen den 18. Dezember 1972 war en hollänneschen Astronom.

Hie krut säin Doktortitel am Joer 1945 beim Anton Pannekoek op der Universitéit vun Amsterdam. Hien huet dem Pannekoek seng kommunistesch Usiichte gedeelt a säi Brudder Piet van Albada war an den 1930er Joren e Komerod vum Marinus van der Lubbe.

De Van Albada war vu Mee 1949 bis Juli 1958 Direkter vum Bosscha-Observatoire op Java. Do huet hien den 1. August 1950 d'Harvardabsolventin an Astronomin Elsa van Dien, déi zanter 1949 och zu Bosscha geschafft huet, bestuet. Wéinst der politescher Situatioun huet d'Famill am Juli 1958 d'Insel misse verloossen an ass zeréck an Holland gaangen. De Van Albada gouf 1960 den Nofollger vu sengem Mentor Pannekoek als Leeder vun der astronomescher Fakultéit op der Universitéit vun Amsterdam.

De Krater Van Albada um Äerdmound an den Asteroid (2019) Van Albada, deen den 28. September 1935 entdeckt gouf, sinn no him benannt.