Op den Inhalt sprangen

Bosscha-Observatoire

Vu Wikipedia
Bosscha-Observatoire
Bosscha-Observatoire (2003)
Typ astronomeschen Observatoire
Opgaangen 1923
Websäit https://bosscha.itb.ac.id
Instrumenter
Teleskopen Zeiss-Duebelrefrakter, Schmidt-Teleskop, Bamberg-Refrakter, Cassegrain GOTO, Unitron-Refrakter
Geographesch Situatioun
Land Indonesien
Regioun/Gemeng West-Bandung
Koordinaten 6°49'28,416"S, 107°36'57,240"O
Héicht 1.310 m
Bosscha-Denkmal vun 1923

De Bosscha-Observatoire ass den eelsten Observatoire an Indonesien. E gouf 1923 gegrënnt a gehéiert zum Institut Teknologi Bandung. E steet op enger Héicht vun 1.310 m an der Stad Lembang am Weste vun der Insel Java.

Den Observatoire huet fënnef gréisser Teleskopen:

Zeiss-Duebelrefrakter

[änneren | Quelltext änneren]

Mat deem Teleskop ginn Duebelstären, besonnesch duerch Photometrie, Moundkrater, d'Planéite Mars, Saturn a Jupiter souwéi Koméiten ënnersicht resp. observéiert. Den Teleskop huet zwou Objektivlënse mat 60 cm Duerchmiesser an enger Brennwäit vun 10,7 Meter.

Schmidt-Teleskop

[änneren | Quelltext änneren]

Mat dem Schmidt-Teleskop (Spëtznumm: Bima Sakti) gi Galaxien, Stärespektren, Asteroiden a Supernovaen ënnersicht. Den Haaptspigel huet en Duerchmiesser vun 71 cm, d'Schmidt-Plack 50 cm, d'Brennwäit ass 2,5 m.

Bamberg-Refrakter

[änneren | Quelltext änneren]

Dëse Refrakter mat 37 cm Duerchmiesser an enger Brennwäit vu 7 m gëtt besonnesch bei Ënnersich vun der visueller Hellegkeet, der Distanzmiessung vu Stären, Photometrie vu Stären déi sech verdecken a bei der Sonnenobservatioun gebraucht. Den Teleskop ass mat engem Photometer ekipéiert.

Cassegrain GOTO

[änneren | Quelltext änneren]

De Cassegrain-Spigelteleskop ass e Geschenk vun der japanescher Regierung an huet eng computergesteiert Ausriichtung (GOTO). Un den Teleskop kann e Spektrometer ugeschloss ginn.

Unitron-Refrakter

[änneren | Quelltext änneren]

Mat dësem Teleskop, deen e Lënsenduerchmiesser vun 13 cm huet, gi Mounddäischterten, Sonnendäischterten a Sonneflecken observéiert.

00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

Portal Astronomie

 Commons: Bosscha-Observatoire – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]