Gare Beefort

Vu Wikipedia
Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Gare Beefort
Streck Grondhaff-Beefort
PK 7,255[1]
Quaien 1
Gleiser 4
Uertschaft Beefort
Gemeng Beefort
Kanton Iechternach
Koordinaten 49° 50’ 16.0’’ N
      6° 17’ 31.8’’ O


D'Beeforter Gare war eng Kappgare zu Beefort, op der Eisebunnsstreck Grondhaff-Beefort, déi tëscht 1911 an 1948 vum „Prënz”, der Société anonyme luxembourgeoise des chemins de fer et minières Prince-Henri bedriwwe gouf. Se louch op enger Héicht vun 368 Meter.

Nodeems 1904 d'Gidderstreck vum Grondhaff bis bei d'Steebréch am Raum Déiljen opgaange war, ass d'Streck 1911 fir de Passagéiertrafic bis op Beefort verlängert ginn. Och wann et sech ëm eng Schmuelspuerbunn gehandelt huet, sou louch an der Gare vu Beefort och e Stéck Gleis an Normalspuer. Op deem Gleis goufen d'Waggonen ofgestallt, déi um Grondhaff vun der Normalspuer op Rullbéck ëmgeluede goufen, fir esou iwwer d'Schmuelspuerbunn fueren ze kënnen.

D'Pläng fir d'Gare goufen den 8. September 1910 vum deemolege Minister fir ëffentlech Bauten, Charles de Waha, geneemegt. Nieft dem Garegebai mat der Déngschtwunneng gouf et en eegent Gebai fir d'Toilette an e Schapp fir d'Lokomotiven.

D'Haaptlokomotiv stoung ëmmer zu Beefort ënnerdaach, iwwerdeems d'Reservemaschinn um Grondhaff stoung.

E fest installéierte Kran deen uganks zu Beefort stoung, ass méi spéit mat engem normalspuerege mobille Kran ersat ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gare Beefort – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Mëtt vum Statiounsgebai