Gare Grondhaff
D'Grondhaffer Gare war eng Persounen- a Marchandisegare um Grondhaff, am Kanton Iechternach.
Streck Ettelbréck-Waasserbëlleg
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare louch op enger Héicht vun 172 Meter um PK 18,2 op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg, tëscht de fréiere Garen Déiljen a Bollenduerfer Bréck. Se gouf 1873 a Betrib geholl an 1964 zougemaach.
D'Gebai vun der Grondhaffer Gare war am Ufank just e klengt Fachwierkhaus, westlech vun der Schwaarzer Iernz. Eréischt méi spéit gouf méi e grousst Garegebai gebaut. Dëst klengt Gebai, déi sougenannt „Privatgare” gouf méi spéit ofgedroen an op der Bollenduerfer Bréck nees opgeriicht. Et gouf de 14. Mee 1991 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter agedroen[1].
Streck Grondhaff-Beefort
[änneren | Quelltext änneren]Vun 1904 u bestoung zousätzlech nach eng Schmuelspuerbunn déi bei d'Steebréch vun Déiljen a vun 1911 och fir de Passagéiertrafic op Beefort gefouert huet. Fir d'Ëmluede vun de Waggone vun der Normalspuer op d'Rullbéck vun der Schmuelspuer huet d'Grondhaffer Gare misse vergréissert ginn. 1902 gouf e Kredit vu 464.000 Frang accordéiert, dee méi spéit nach ëm 29.000 erweidert gouf. D'Aarbechte fir den Ausbau goufe vun zwou regionalen Entreprisen (Schweitzer vu Konsdref a Schiltz vum Scheedgen) realiséiert.
D'Zich vun der Schmuelspuerbunn sinn am Gidderhaff vun der Gare fortgefuer, ier s'iwwer d'Nationalstrooss a laanscht den Hang eropgefuer sinn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ed. Federmeyer & Groupement des amis du rail. (1992). Schmalspurbahnen in Luxemburg. Luxemburg: G.A.R.
- Jean-Pierre Cigrang. (1966). Notes historiques sur la ligne de chemin de fer Grundhof-Beaufort - Notes historiques au sujet de la ligne de chemin de fer Diekirch-Echternach et Grundhof-Beaufort. 75me anniversaire Fanfare de Beaufort [Luxembourg, 1966] P. 177-184.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).