Gare Iechternach (PH)
Ausgesinn
|
| |
| Typ | fréier Gare |
|---|---|
| Status | ausser Déngscht |
| opgaang | 16. November 1862 |
| zougemaach | 27. Mee 1964 |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Iechternach |
| Koordinaten | 49°48'46"N, 6°25'5"O |
| Héicht i. M. | 161 m |
| Streck(en) | Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg |
| Nopeschstatioun(en) |
Gare Weilerbaach, Gare Steenem |
|
| |
D'Gare vun Iechternach vum Prënz, der Compagnie des chemins de fer Prince-Henri (PH), war eng Gare zu Iechternach, op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerstreck), déi tëscht 1862 an 1964 bedriwwe gouf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Gare Iechternach louch op enger Héicht vun 162 Meter, um PK 27, tëscht der Gare Weilerbaach an där vu Steenem.
Et war eng relativ wichteg Gare, wou och Annexe vun den Péitenger Ateliere bestoungen.
Nieft der PH-Gare stoung d'Garegebai vum Chareli, der Schmuelspuer-Eisebunnslinn Lëtzebuerg - Iechternach, déi vun 1904 bis 1954 a Betrib war.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Gare Iechternach (Vizinalbunn).
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ed Federmeyer & Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R, 2007. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gare Iechternach (PH) – Biller, Videoen oder Audiodateien |
