Gare Bollenduerfer Bréck
Ausgesinn
|
| |
| Typ | fréier Gare |
|---|---|
| Status | ausser Déngscht |
| opgaang | 16. November 1862 |
| zougemaach | 27. Mee 1964 |
| Lag vun der Statioun | |
| Land | Lëtzebuerg |
| Gemeng | Bäerdref |
| Koordinaten | 49°50'52"N, 6°21'10"O |
| Héicht i. M. | 171 m |
| Streck(en) | Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg |
| Nopeschstatioun(en) |
Gare Grondhaff, Gare Weilerbaach |
|
| |
D'Gare Bollenduerfer Bréck war eng Gare op der Bollenduerfer Bréck, op der Eisebunnsstreck Ettelbréck-Waasserbëlleg (Sauerstreck), déi tëscht 1862 an 1964 bedriwwe gouf.
D'Gare op der Bollenduerfer Bréck louch op enger Héicht vun 171 Meter, um PK 21, tëscht der Gare um Grondhaff an där an der Weilerbaach.
Ursprénglech louchen zwee Gleiser an der Gare. Duerch en Donnerwieder den 1. Juli 1958 goufen d'Schinnen deelweis zerstéiert an duerno gouf just d'Haaptgleis nees an d'Rei gesat.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ed Federmeyer & Pierre Pasquali. Eisenbahnen in Luxemburg. Gernrode Luxembourg: W. Herdam Fotoverl. G.A.R, 2007. Print.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Gare Bollenduerfer Bréck – Biller, Videoen oder Audiodateien |
