Georges Lentz

Vu Wikipedia
Georges Lentz
Gebuer 22. Oktober 1965
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Australien
Educatioun Hochschule für Musik, Theater und Medien Hannover,
Paräisser Conservatoire
Aktivitéit Komponist
De Georges Lentz

De Georges Lentz, gebuer den 22. Oktober 1965, ass e lëtzebuergesche Komponist, deen zanter 1990 an Australien lieft.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien huet um Stater Conservatoire, um Conservatoire national supérieur de Paris an op der Musikhochschule vun Hannover studéiert.

Zanter 1989 schafft de Georges Lentz un engem Zyklus mam Numm Caeli enarrant... (D'Himmelen erzielen – Psalm 19). Seng Musek ass duerch d'Astronomie, déi wäit australesch Landschaften an d'Molereie vun den Aborigines beaflosst. 2002 gouf säi Stéck fir Orchester 'Guyuhmgan' zweet bei der Tribune internationale des compositeurs de l'UNESCO zu Paräis. Seng Musek gëtt uechtert Welt gespillt, sief et an der Berliner Philharmonie, am Wiener Konzerthaus, an der Wigmore Hall zu London, der Carnegie Hall vun New York, der Suntory Hall vun Tokyo oder der Oper vu Sydney, a vu bedeitenden Orchestere wéi dem BBC Symphony Orchestra London, BBC National Orchestra of Wales, Hallé Orchestra Manchester, Deutsches Symphonieorchester Berlin, Bamberger Symphoniker, Kölner Philharmoniker (Gürzenichorchester), Düsseldorfer Symphoniker, Nederlands Philharmonisch Orkest, ORF Symphonieorchester Wien, Warschauer Philharmoniker, St Louis Symphony Orchestra, Tokyo Metropolitan Symphony Orchestra, New Japan Philharmonic, Sydney Symphony, Melbourne Symphony... De Georges Lentz schreift seelen nei Kompositiounen.

Eng vu senge leschte Kompositiounen, 'Monh', e Concerto fir Alto fir d'Tabea Zimmermann, ass am Juli 2005 an der Philharmonie Lëtzebuerg uropgeféiert ginn, mat der Bratschistin Tabea Zimmermann an dem Orchestre philharmonique du Luxembourg ënner dem Steven Sloane. Et war eng Commande vum Iechternacher Museksfestival, dem Sydney Symphony Orchestra an dem BBC 3.

Säin neist Wierk ass eng grouss permanent Klanginstallatioun an der australescher Wüst, d'Cobar Sound Chapel (2022), zesumme mam australeschen Architekt a Pritzkerpräislaureat Glenn Murcutt.

Seng Wierker gi vun der Universal Edition, Wien verëffentlecht.

Wichtegst Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Caeli enarrant... (1989 bis haut)[änneren | Quelltext änneren]

Deel Ënnertitel Joer Instrumentatioun
I 1989–1998 Orchester
III 1990–2000 12 Sträicher, 3 Percussionnisten an 1 Kannerstëmm
IV 1991–2000 Sträichquartett a 4 Cymbalen
V 1989–1992 preparéierte Piano
VII
Mysterium
Birrung 1997–2004 11 Sträicher
Ngangkar 1998–2000 Orchester
Nguurraa 2000–2020 Klarinett, Gei, Cello, Perkussioun a Piano
Guyuhmgan 2000–2007 Orchester an Elektronik
Alkere 2002–2004 preparéierte Piano
Monh 2001–2005 Solo-Braatsch, Orchester an Elektronik
Ingwe 2003–2018 elektresch Gittar
String Quartet(s) 2000-2021

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]