Geschlechtsorganer beim Mann
Ausgesinn
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'männlech Geschlechtsorganer gehéieren zum Reproduktiounssystem vum Mann a spillen eng Roll am Prozess vun der mënschlecher Reproduktioun. Dës Organer leien deels baussenzeg vum Kierper an deels bannen am Becken.
De männleche Genitaltrakt besteet aus follgenden Deeler:
Baussenzeg Geschlechtsorganer[1]
[änneren | Quelltext änneren]- Peenis, mat ë. a.:
- Peeniswuerzel (Radix penis): proximaalt Enn vum Peenis
- Peenisschaft (Corpus penis): besteet aus dem Harnrouer-Schwëllkierper (Corpus spongiosum penis) an den zwéin Eechel-Schwëllkierperen (Corpus cavernosum penis)
- Eechel (Glans penis): distaalsten Deel vum Harnrouer-Schwëllkierper
- Harnrouer (Urethra): transportéiert net just den Urin, mä och d'Ejakulat, a geet deemno och als Harn-Som-Rouer bezeechent
- Viischt Haltebändchen (Ligamentum suspensorium penis): Bändche mat deem de Peenis um Becke verbonnen ass
- Hodesak (Scrotum): dënnen, muskuläre Sak tëscht dem Peenis an dem Anus.
Bannenzeg Geschlechtsorganer[2]
[änneren | Quelltext änneren]- Hoden / Jick (Testes): eng Koppel Keimdrüsen, an deenen d'Spermie produzéiert ginn
- Niewenhoden / Niewejick (Epididymis): länglech Organer, déi dorsal op den Hode leien. Se bestinn aus dem Kappdeel (Caput epididymidis), dem Kierper (Corpus epididymidis) an dem Schwanzdeel (Cauda epididymidis)
- Somstrang (Funiculus spermaticus): e Bëndel vu Gefäässer, Nerven a Muskelen, deen duerch de Leeschtekanal leeft an d'Hode mat der Bauchhiel verbënnt, mat ë. a.:
- Somrouer (Vas deferens / Ductus deferens): en ongeféier 40 cm laange Réierchen, deen d'Spermie vun den Niewenhoden an den Harnrouer (Urethra) transportéiert
- Sprëtzkanal (Ductus ejaculatorius): Koppel vun zwéi ganz kuerze Kanäl, am ënneschten Deel vun der Prostatt. Wärend der Ejakulatioun lafen d'Spermien duerch dëse Kanal an den Harnrouer
- Zousazgeschlechtsdrüsen:
- Prostatt (Prostata): hir Haaptfunktioun ass d'Produktioun vum sauere Prostattesekreet. Zesumme mat de Sekreeter aus der Bléischendrüs, der Cowper-Drüs an de Spermien aus den Hoden, billt d'Prostattesekreet de Sperma
- Bléischendrüs (Vesicula seminalis): se läit nieft der Prostatt, op der Récksäit vun der Harnblos (Vesica urinaria) a produzéiert en alkalescht, fruktoseräicht Sekreet, dat ronn 70 % vum Sperma ausmécht an eng wichteg Roll fir d'Fruchtbarkeet an d'Motilitéit vun de Spermie spillt
- Cowper-Drüs (Glandula bulbourethralis): eng Koppel Drüsen déi an de Beckebuedemmuskelen leien an hiert alkalescht Sekreet direkt an den Harnrouer leeden.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Geschlechtsorganer beim Mann – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ (de)Männliche Geschlechtsorgane. Kenhub. Gekuckt de(n) 20.04.2024.
- ↑ (de)Männliche Geschlechtsorgane. Kenhub. Gekuckt de(n) 20.04.2024.