Giorgio Abetti

Vu Wikipedia
Giorgio Abetti
Gebuer 5. Oktober 1882
Padua
Gestuerwen 24. August 1982
Florenz
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza,
Universitéit vu Padua
Aktivitéit Astronom, Physiker, Universitéitsprofesser
Member vun International Astronomesch Unioun, Accademia Nazionale dei Lincei
Famill
Papp Antonio Abetti

Den Giorgio Abetti, gebuer de 5. Oktober 1882 zu Padua an Italien, a gestuerwen de 24. August 1982 zu Florenz, war en italieeneschen Astronom.

Den Giorgio Abetti war de Jong vum Astronom Antonio Abetti, den deemolegen Direkter vum Observatoire vun Arcetri bei Florenz. Den Giorgio huet zu Roum an zu Padua studéiert an huet 1904 do promovéiert. Den Abetti huet am Ufank als Assistent zu Heidelberg geschafft, a vun 1908 un zu Chicago um Mount Wilson-Observatoire, 1909 zu Neapel a vun 1910 am Observatoire vum Collegio Romano zu Roum.

1921 huet hien no sengem Papp d'Direkteschplaz vun Arcetri, bis 1953, iwwerholl. Tëscht 1921 an 1957 war hien och nach Professer op der Universitéit vu Florenz. Weider huet hien zwou Expeditioune fir d'Observatioun vun de Sonnendäischterten, 1936 a Sibirien an 1952 am Sudan, geleet.

Den Giorgio Abetti huet besonnesch iwwer d'Sonn gefuerscht an huet bedeitend Aarbechten iwwer d'Struktur vun der Chromosphär an d'Stréimung vu Gasmassen am Kär vun de Sonneflecke publizéiert.

An de Joren 1948 an 1949 war hie Gaaschtprofesser zu Kairo an Egypten an 1950 an den USA.

Den Giorgio Abetti war Vizepresident vun der Internationaler Astronomescher Unioun. Fir seng Aarbechte krut hie vill Auszeechnungen.

Zu Éiere vu Papp a Jong Abetti goufen e Moundkrater de Krater Abetti an een Asteroid den (2646) Abetti no hinne genannt.