Antonio Abetti

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Antonio Abetti

Den Antonio Abetti, gebuer den 19. Juni 1846 zu San Pietro di Gorizia (Görz) (deemools italienesch, haut slowenesch) a gestuerwen den 20. Februar 1928 zu Arcetri (Florenz) war en italieneschen Astronom.

D'Gebuertsuertschaft vum Abetti huet bis 1814 zum Napoleoneschem Keeserräich gehéiert, war tëscht 1814 a 1919 ënner éisträichescher Verwaltung an ass duerno un Italien ugegliddert ginn.

Den Abetti war eigentlech Ingenieur, huet sech awer 1868, nom Ofschloss vu senge Studien an der Universitéit Padua (Mathematik an Ingenieurwiesen), der Astronomie zou gezunn. Hien huet bis 1893 am Observatoire zu Padua geschafft, a gouf dann Direkter vum Observatoire vun Arcetri a Professer an der Universitéit Florenz.

Den Observatoire vun Arctri, dat 1872 vum Giovanni Battista Donati opgeriicht gouf, gouf no deem sengen Doud deelweis opgeléist. Eng vun den éischten Aufgabe vum Abettis war dofir, d'Opstellung vun engem Teleskop, dat hien am Atelier vu Padua gebaut hat. D'Objektiv vun dësem Refrakter huet aus engem zweelënsegen achromateschem System vun 28 cm Ëffnung a 5,33 m Brennwäit bestanen, dat 1839 vum Giovanni Battista Amici hiergestallt gouf.

Den Abetti huet haaptsächlech un der Bestëmmung vun den Himmelskierperpositioune geschafft. A senger Zäit zu Padua an Arcetri huet hie vill Observatioune vun Asteroiden, Koméiten a Stärebedeckunge gemaach. Bei enger Expeditioun op Muddapur, (haut Madhupur a Jharkhand, Bengalen), huet hien de Venusdurchgank vun 1874 mat engem Spektroskop observéiert.

Den Abetti war Member vun der Accademia Nazionale dei Lincei (Rom), der Royal Astronomical Society (London) a vu villen italieneschen Akademien.

Säi Jong Giorgio Abetti (18821982) gouf och Astronom an ee bedeitende Sonnephysiker.

Zu Éiere vu Papp a Jong Abetti goufen zwéi Moundkrater an den Asteroid (2646) Abetti no hinne genannt.