Op den Inhalt sprangen

Giraff

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Giraffen)
Giraff
Giraff

Giraff
Giraff
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Artiodactyla
Famill: Giraffidae
Gattung: Giraffen
Aart: Giraff
Wëssenschaftlechen Numm
Giraffa camelopardalis
(Linnaeus 1848)

D'Giraff (Giraffa camelopardalis) ass eng Aart aus der Famill vun de Giraffidae. D'Giraff an den Okapi sinn déi eenzeg nach lieweg Aarten aus dëser Famill.

Giraff am Krüger Nationalpark

D'Giraff huet en aussergewéinlech laangen Hals, laang Been, e staark offallende Réck an e laange Quasteschwanz. Déi männlech Déiere sinn iwwer 5,50 m grouss, déi weiblech knapps iwwer 5 m. Giraffen hunn och Haren a jeeweils 32 Zänn. Hir Schnëss ass zimmlech schmuel a si hunn eng laang Gräifzong.

Liewensweis a Liewensraum

[änneren | Quelltext änneren]

Giraffe friesse Blieder a liewen nëmme méi an Afrika an dat haaptsächlech nach just an Nationalparken. Si si Savannen- a Steppendéieren a si guer net gär an de Bëscher. Si verbréngen de ganzen Dag bal nëmme mat friessen a lafen dofir ganz gemittlech vu Planz zu Planz an zupfen hei e Blat oder briechen do e puer Äscht of. Wa si genuch Waasser fannen, drénke si all Dag zimmlech vill. Si kënnen awer genee sou gutt e puer Deeg laang ouni Waasser aushalen.

Giraffe kréie bei enger Befruchtung, déi d'ganzt Joer iwwer ka geschéien, jeeweils just ee Jonkt. D'Schwangerschaft dauert 14-15 Méint an dat Jonkt ass bei der Gebuert scho bis zu 2 m grouss a weit ongeféier 60 kg. Et ass no enger Stonn schonn op de Been an drénkt. Mat 3 Deeg kann et scho lafen.

Commons: Giraffen – Biller, Videoen oder Audiodateien