Grenziwwerschreidend Wanderweeër
Ausgesinn
Grenziwwerschreidend Wanderweeër zu Lëtzebuerg féieren, wéi den Numm et seet, iwwer d'Grenze vun engem Land aus ewech. Nieft enger Rei vu lokale Wanderweeër, déi iwwer d'Grenze ugeluecht sinn, fënnt een am Lëtzebuerger Grenzgebitt follgend gréisser Touren.
- Ardennen-Eifel-Wanderwee ((fr) Sentier Ardennes-Eifel); Symbol ass e gréngen Dräieck op wäissem Hannergrond;
- Rhäin-Meuse-Wanderwee ((fr) Sentier Rhin-Meuse); Symbol ass eng wäiss Well op gréngem Hannergrond;
- Éislek Trail ((fr) Escapardenne); Symbol ass eng wäiss Well op bloem Hannergrond;
- La traversée des pays et des âges.
De Naturwanderpark delux bitt 23 Wanderweeër iwwer déi däitsch-lëtzebuergesch Grenz ewech an de Regiounen Äifel, Ardennen a Kleng Lëtzebuerger Schwäiz un.
An enger Buchserie ginn eng Partie Wanderungen iwwer d'Grenze mat Däitschland ewech presentéiert (cf. Literatur):
- Islek ohne Grenzen;
- Ourtal ohne Grenzen;
- Sauertal ohne Grenzen;
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Palzkill, Leonard, Nick Heinz, Jean Stephany, 1998. Islek ohne Grenzen: Wanderungen im deutsch-belgisch-luxemburgischen Grenzraum. 206 S. Verbandsgemeinde Arzfeld & Islek ohne Grenzen EWIV, Arzfeld.
- Palzkill, Leonard, 2002. Sauertal ohne Grenzen: Wanderungen durch die deutsch-luxemburgische Felsenlandschaft. 206 S. Verbandsgemeinde Irrel, Irrel. Impr. Saint-Paul, Luxemburg.
- Palzkill, Leonard, 2006. Ourtal ohne Grenzen: Wanderungen im deutsch-luxemburgischen Grenzraum. 214 S. Neuerburg.