Europäesch Wäitwanderweeër

Vu Wikipedia
Kaart vun den Europäesche Wäitwanderweeër

Déi Europäesch Wäitwanderweeër si Wanderweeër, déi queesch duerch Europa iwwer grouss Distanzen zéien. Si goufe vun der Europäescher Wandervereenegung initiéiert, déi sech an hire Grënnungsstatuten am Joer 1969 d'Zil gesat hat, fir e Reseau vu Wäitwanderweeër ze schafen, deen d'Vëlker matenee verbanne soll. Am Laf vun de Jore goufen op där Basis 11 Wanderweeër ageriicht.

De Reseau huet eng Totallängt vu 55.000 km, vun deenen en Deel net oder net gutt markéiert ass, oder um Terrain nach net ëmgesat gouf. A Mëtteleuropa sinn d'Weeër an hir Markéierunge meeschtens an engem gudden Zoustand.

Europäesch Wäitwanderweeër zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zwéin europäesch Wäitwanderweeër passéieren zu Lëtzebuerg, si féieren iwwer national Wanderweeër:

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Frank Auerbach (Hrsg.), 1999. Europäische Fernwanderwege. Zu Fuß durch Europa. Steiger Verlag. ISBN 3-89652-177-2.
  • Hans Jürgen Gorges, 1999. Auf Tour in Europa - Das Handbuch für die Europäischen Fernwanderwege. Deutscher Wanderverlag. ISBN 3-8134-0338-6.

Lëscht vun den europäesche Wäitwanderweeër[änneren | Quelltext änneren]

Nr. Km Geplangt Streck Fäerdeg Streck Symbol
E1 4.900 Nordkap - Sizilien Grövelsjön (S) - Castelluccio (I)
E2 4.850 Galway - Nice Hoek van Holland (NL) - Nice (F)
E3 6.950 Istanbul - Cabo de São Vicente Kap Emine (BG) - Bierg Kom (BG) respektiv vun Oradea (RO) - Santiago de Compostela (E)
E4 10.450 Cabo de São Vicente - Zypern Málaga (E) - Kreta (e Stéck feelt a Rumänien)
E5 3.050 Pointe du Raz - Venedeg Pointe du Raz (F) - Verona (I)
E6 5.200 Kilpisjärvi - Dardanellen Norrtälje (S) - Koper (SLO)
E7 5.000 Kanaresch Inselen iwwer Lissabon - Ukrain Monfortinho (P) - Nadlac (RO)
E8 4.390 Dursey Head - Istanbul Dursey Head (IRL) - Beskiden (Grenz PL/UA)
E9 5.000 Cabo de São Vicente - estnesch/russesch Grenz Hendaye (F) - Braniewo (PL) wäiss-blo-wäiss
E10 2.880 Nuorgam - Tarifa Rügen (D) - Ulldecona (E) (Stécker feelen an I an a F)
E11 2.070 Den Haag - Russland Den Haag (NL) - Masuren (Grenz PL/LT)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Europäesch Wäitwanderweeër – Biller, Videoen oder Audiodateien