Groupe électrogène Klöckner-Humboldt-Deutz AG Nr. 48600

Vu Wikipedia
Den Diesel-Generater aus dem Joer 1907.
Plack op der Maschinn.

De Groupe électrogène Klöckner-Humboldt-Deutz AG Nr. 48600 ass en Diesel-Stroum-Generater dee vun 1907 bis 1915 vun der Firma Klöckner-Humboldt-Deutz (haut Deutz AG) gebaut gouf.

Ee Generater aus dëser Serie gouf 1907 un d'groussherzoglech Famill zu Colmer-Bierg geliwwert fir d'Schlass Bierg mat Stroum ze versuergen.

D'Maschinn besteet aus dem Dieselmotor, deen iwwer e Schwongrad an en Transmissiounsrimm aus Lieder den Dynamo undreift.

Den 1. Juni 1977 huet de Groussherzog Jean d'Maschinn deem deemolegen Institut supérieur de technologie (haut Uni Lëtzebuerg) um Kierchbierg geschenkt.

D'Maschinn gouf de 15. Mäerz 2004 als nationaalt Monument klasséiert.[1]

Technesch Donnéeë vum Dieselmotor[änneren | Quelltext änneren]

  • Zuel vun den Zylinderen: 1
  • Cylindrée: 25 Liter
  • Dréizuel: 180 Touren an der Minutt
  • Duerchmiesser vum Schwongrad: 3 Meter
  • Leeschtung: 40 PS / 29,42 KW
  • Gewiicht: 8 Tonnen, ouni d'Schwongrad[2]

D'Ausstellung vun 2011 zu Déifferdeng[änneren | Quelltext änneren]

Am Kader vun de Journées du patrimoine 2011 gouf de Generater vum 24. September bis den 9. Oktober 2011 zu Déifferdeng an engem Zelt op der Maartplaz ausgestallt.[3] D'Expositioun gouf zesumme vun der Stad Déifferdeng, dem Kulturministère, dem Service des sites et monuments nationaux an der Associatioun Groussmaschinn a.s.b.l. organiséisert. Den Diesel-Generater war d'Haaptattraktioun vun der Ausstellung, déi ënner dem Titel Une (R)évolution énergétique stoung.

D'Expositioun war och geduecht fir den Interessi vum Public fir de Plang vun engem Musée de l'énergie industrielle ze testen, e Musée deen um Territoire vun der Gemeng Déifferdeng soll realiséiert ginn. Den Diesel-Generater soll do zesumme mat anere grousse Maschinnen aus der Industriegeschicht vu Lëtzebuerg presentéiert ginn.[4]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. Quell: Plakat an der Ausstellung zu Déifferdeng, 2011, cf. Foto.
  3. Cf. Affiche vun der Ausstellung
  4. Deutz-Diesel-Motor aus dem Jahre 1907 in Differdingen ausgestellt. Luxemburger Wort vum 24. September 2011, S. 28.