Gruidae

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gruidae
E "Krounekranich" aus Südafrika
E "Krounekranich" aus Südafrika
Aner Sproochen: de: Kraniche
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Gruiformes
Wëssenschaftlechen Numm
Gruidae
Vigors, 1825

D'Kranichen (Gruidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Gruiformes. A Mëttel- an Nordeuropa ass de d'Hoergäns (oder Krukert) déi prominentst Aart aus där Famill. Kranichen hunn e laangen Hals a laang Been an hunn deemno e Glach mat de Stelzvigel wéi Stuerken oder Räeren.

Et gi 15 Aarten op der Welt, an et gëtt s'op alle Kontinenter, ausser an der Antarktis an a Südamerika. Am dackste komme s'an in Asien an an Afrika vir. Deene meeschten Aarten hire Liewensraum ass déi oppen, suppeg Gewan, wou et vill Waasser gëtt (Tundra oder Savann).

Vill Aarte bréien eréischt vum 4. oder 5. Joer un. Well vill jonk Vigel stierwen, ier se geschlechtsräif sinn, ass et am Fall vun engem Populatiounsréckgang schwéier, nees op d'Zuel vu virdrun ze kommen. Dofir sinn en etlech Aarte bedreet, auszestierwen.

Kraniche si grouss bis ganz grouss Vullen, a kënnen 90 bis 150 cm grouss ginn. De Saruskranich gëtt souguer bis 176 cm grouss, an ass deemno déi gréisst Vullenaart, déi fléie kann. Kraniche kënne bis zu 12 kg schwéier ginn, woubäi d'Männercher liicht méi grouss a méi schwéier si wéi d'Weibercher.

Gruigae hunn e staark vergréisserte Loftrouer wat hinnen (ausser der Aart vun de Krounekranichen) erméiglecht, haart ze jäizen.

Déi Kranichaarten, déi a méi waarme Klimazone liewen, sinn do d'ganzt Joer, iwwerdeems déi, déi a méi kalen hiert doheem hunn, Zuchvulle sinn. Si fléien dann an den opfällege "V-" oder "1-Formatiounen" a Gruppen duer wou et méi waarm ass, an nees hannescht. Si fléien an engem Dag ronn 300 heiansdo souguer 800 km. Hir Vitess ass 60–80 km/h.

Kraniche sinn Omnivoren a friessen souwuel Planzen (Som, Wuerzelen, Blieder, Kraider, Grieser, Nëss, Bieren) wéi och Fleesch (Wierm, Mollusken, Insekten, Kriibsdéieren, Fësch, Fräschen, Eidechsen, Knabberdéieren).

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Traditionell ginn d'Kranichen an zwou Ënnerfamillen agedeelt: d'Balearicinae (Krounekranichen) an d'Gruinae ("echt" Kranichen), zu deenen, bis op zwou, déi meescht Aarte gehéieren.

Ënnerfamill Balearicinae[änneren | Quelltext änneren]

  • Balearica
    • Kinnekskranich (B. regulorum) mat zwou Ënneraarten déi am Kongo a Südafrika an Tansania an am Uganda liewen
      • B. regulorum regulum
      • B. regulorum gibbericeps
    • B. pavonina mat zwou Ënneraarten déi a Westafrika liewen:
      • B. pavonina pavonina
      • B. pavonina ceciliae

Ënnerfamill Gruinae[änneren | Quelltext änneren]

Bugeranus[änneren | Quelltext änneren]

  • B. carunculatus

Anthropoides[änneren | Quelltext änneren]

  • Jofferekranich (A. virgo)
  • Paradäiskranich (A. paradisea)

Grus[änneren | Quelltext änneren]

Eng Koppel Jofferekranichen
  • Sibiresche Kranich oder Nonnekranich (Grus leucogeranus) bei deem dräi Populatiounen ënnerscheet ginn:
    • d'westlech Populatioun déi am Iran südlech vum Kaspesche Mier iwwerwantert.
    • d'zentral Populatioun déi an Indien iwwerwantert.
    • d'ëstlech oder orientalesch Populatioun déi a China am Dall vum Jangtsekiang iwwerwantert. Dat ass och déi gréisst Populatioun vun deenen dräi.
Kanadakranichen am Yellowstone Nationalpark
  • Kanadakranech (Grus canadensis) mat 6 Ënneraarten déi deelweis buedemstänneg sinn an deelwees migréieren:
    • Grus canadensis rowani, vun de grousse Séien bis op de Pazifik a bis an Alaska
    • Grus canadensis canadensis, idem.
    • Grus canadensis tabida, idem.
    • Grus canadensis pratensis, Florida (keen Zuchvull)
    • Grus canadensis pulla, Mississippi (keen Zuchvull)
    • Grus canadensis nesiotes, Kuba, (keen Zuchvull)
  • Saruskranech Grus antigone mat dräi Ënneraarten déi keng Zuchvulle sinn:
    • Grus antigone antigone, nërdlecht Zentralinidien, et ass 1,75 m de gréisste vun alle Kranichen.
    • Grus antigone sharpii, ënneschten Dall vum Mekong.
    • Grus antigoen gilli, Queensland an Nordaustralien
  • Wäisshalskranech Grus vipio, Bruttgebitt am Nordoste vu China an an der Mongolei (Amourbaseng), iwwerwantert op der Grenz vun Nord- a Südkorea, am Dall vum Jangtsekiang, am Dall vum Giele Floss a verschiddener an Süde vu Japan
  • Brolgakranech (Grus rubicunda), wunnt a britt am Nordoste vun Australien an am südlechsten Deel vun Neiguinea
  • Huergäns (Grus grus), Zuchvull, Bruttgebidder am Nordoste vun Europa an a Sibirien, iwwerwantert am Südweste vu Europa, an Indien an a China.
  • Schwaarzhalskranich (Grus nigricollis),
  • Japankranich (Grus japonensis), britt am Baseng vum Amour an op der Insel Hokkaidō. Nëmmen d'Festlandvulle migréieren an de Süde vun Nordkorea.
  • Mënchkranich (Grus monachus),
  • Wäisse Kranech (Grus americana), nëmmen an Nordamerika, dräi Populatiounen dovun zwou déi frësch ugesidelt goufen. D'historesch Standplaz ass den Norde vun der Provënz Alberta. Et ass och nëmmen déi Populatioun déi migréiert.

Etymologie[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm "Kranich" ass Famill mat "Kran" a "Krunn" (vgl. fr: grue < grus, engl: crane), déi allebéid wéinst hirer Form, ofgeleet sinn. Och dat franséischt Wuert fir Stammbam, pédigré, kënnt vu "pied de grue", well d'Form vun de Linnen e Glach mat den Zéiwe vun engem Kranich hunn.

Populatiounen an Tendenzen[änneren | Quelltext änneren]

Aart Populatioun Tendenz
Balearica regulorum
Kinnekskranich
85000 - 95000
Fairytale down red.png
Balearica pavonina
Krounekranich
66500 - 77500
Fairytale down red.png
Anthropoides virgo
Jofferekranich
200000 - 240000
Sinal de igual.svg
Anthropoides pradisea
Paradäiskranich
18000
Fairytale down red.png
Bugeranuscarunculatus 8000 - 10000
Fairytale down red.png
Grus leucogeranus
Sibiresche Kranich
2500 - 3000
?uestionmark.svg
Grus canadensis
Kanadakranich
520000
Sinal de igual.svg
Fairytale up.png
Grus antigone
Saruskranich
9000 - 12000
Fairytale down red.png
Grus rubicunda
Brolgakranich
20000 - 100000
Sinal de igual.svg
Fairytale down red.png
Grus vipio
Wäisshalskranich
5000
Sinal de igual.svg
Fairytale down red.png
Grus grus
Hoergäns
300000
Fairytale up.png
Grus monachus
Mënchskranich
9000
Sinal de igual.svg
Grus americana
Wäisse Kranich
388 dovun 16
a Gefaangeschaft
Fairytale up.png
Grus nigricolis
Schwaarzhalskranich
6277
Sinal de igual.svg
Grus japonensis
Japankranich
2100
Sinal de igual.svg
Fairytale down red.png

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • David H. Ellis, George F. Gee, Claire M. Mirande (Hrsg.): Cranes: Their Biology, Husbandry, and Conversation, Hancock House Publishers, Blaine 1996, ISBN 0-88839-385-7
  • Josep del Hoyo et al.: Handbook of the Birds of the World, Band 3 (Hoatzins to Auks). Lynx Edicions, 1996, ISBN 84-87334-20-2
  • Peter Matthiessen: Die Könige der Lüfte – Reisen mit Kranichen, Fischer Taschenbuch Verlag, Frankfurt am Main 2010, ISBN 978-3-596-18195-7
  • Wolfgang Mewes, Günter Nowald, Hartwig Prange: Kraniche. Mythen, Forschung, Fakten. Braun, Karlsruhe 1999, ISBN 3-7650-8195-7
  • Claus-Peter Lieckfeld, Veronika Straaß: Mythos Vogel. BLV, München 2002, ISBN 3-405-16108-8
  • R. L. Potapov, V. E. Fling (HRSG): Handbuch der Vögel der Sowjetunion. Band 4: Galliformes, Gruiformes. Aula Verlag, Wiesbaden 1989, ISBN 3-89104-417-8
  • Carl-Albrecht von Treuenfels: Kraniche. Vögel des Glücks. Rasch und Röhring, Hamburg 1998, ISBN 3-89136-653-1
  • Carl-Albrecht von Treuenfels: Zauber der Kraniche. Knesebeck, München 2005, ISBN 3-89660-266-7
  • Norbert Daubner, Gaby Hufler: Naturerlebnis Kranichzug: Die Reise der Kraniche. dah[u]u, Karlsruhe 2011, ISBN 3-98108-823-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gruidae – Biller, Videoen oder Audiodateien