Guillaume Soisson

Vu Wikipedia
Guillaume Soisson
Gebuer 18. November 1866
Luerenzweiler
Gestuerwen 27. August 1938
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Ingenieur
Partei Rietspartei

De Guillaume Soisson, gebuer den 18. November 1866 zu Luerenzweiler a gestuerwen de 27. August 1938 an der Stad, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.

No senger Ausbildung zum Ingenieur huet de Guillaume Soisson am Stater Kolléisch ënnerriicht. 1913 an dann nees 1923 bis 1925 war hie Minister vun den ëffentlechen Aarbechten.

De Guillaume Soisson war Auteur vun enger ganze Rëtsch vu wëssenschaftlechen a populärwessenschaftlechen Aarbechten, ë. a. iwwer Radio a Radioaktivitéit, d'Kuel an der Meurthe-et-Moselle, iwwer ugewannte Geologie a Flësseggas, iwwer elektresch Iewen an der Elektro-Siderurgie, iwwer Dampturbinnen an de Plang vun engem Meuse-Musel-Kanal. Hie war am Ingenieurs-Verband aktiv an huet sech ëm deem säi Bulletin gekëmmert.

Gielercher

Minister vun den ëffentlechen Aarbechten
Virdrun
Victor Thorn
1915 - 1916 Duerno
Antoine Lefort
Virdrun
Guillaume Leidenbach
1923 - 1925 Duerno
Norbert Dumont

Referenzen

  1. Memorial A N° 5 vun 1935 mat der Lëscht vun de Leit déi 1935 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen
  2. Doudesannonce vum Guillaume Soisson am Luxemburger Wort vum 29. August 1938