HD 27894

Vu Wikipedia
Stär HD 27894
Kaart vum Stärebild Reticulum
Stärebild: Reticulum
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 04h 20m 47,047s
Deklinatioun - 59° 24' 39,01"
visuell Magnitude 9,36 mag
Spektralklass: K2 V
Astrometrie
Radialvitess: (−14,8 ± 0,2) km/s[1]
Parallax (22,79 ± 0,85) mas
Distanz (143 ± 5) Lj
Absolut Hellegkeet zirka + 6,2 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: zirka 0,75 M☉
Radius: ? R☉
Liichtkraaft: ? L☉
Uewerflächentemperatur ? K
Alter zirka 4 Mia.
Aner Bezeechnungen
CD CD −59° 829
Henry-Draper-Katalog HD 27894
Hipparcos-Katalog HIP 20277
Tycho-Katalog TYC 8508/1724/1
Weider Katalogen LTT 1953 • PPM 333411

Den HD 27894 ass en Haaptreiestär vun der Spektralklass K2 a läit zirka 143 Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Reticulum. Et ass en Zwergstär an huet d'Faarf vun enger Orange. Hien huet eng visuell Magnitude vun 9,4 mag. 2005 gouf beim Stär en Exoplanéit mat enger Ëmlafperiod vu ronn 18 Deeg entdeckt.

Exoplanéit HD 27894 b[änneren | Quelltext änneren]

Den Exoplanéit HD 27894 b gouf vum Mayor et al. mat der Radialvitessmethod mat Hëllef vum Echelle-Spektrograph HARPS entdeckt. Den Orbit huet eng grouss Hallefachs vun zirka 0,12 A. E. mat enger klenger Exzentrizitéit. D'Mindestmass M•sin(i) vum Objet ass 0,6 Jupitermass (zirka 200 Äerdmassen).

Weider Entdeckungen[änneren | Quelltext änneren]

An de Joren no der Entdeckung (2005) vum éischte Planéit beim Stär goufen nach zwéi weider Planéiten[2] entdeckt, den HD 27894 c an den HD 27894 d. Et leien am Ament nach keng Date vir.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Pulkovo radial velocities for 35493 HIP stars
  2. Spektrum