HR 8832

Vu Wikipedia
HR 8832
Opsichkaart fir den HR 8832 resp. HD 219134 (markéiert mat Krees) am Stärebild Cassiopeia
Stärebild: Cassiopeia (Cas)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun 23h 13m 16,97632s
Deklinatioun + 57° 10' 06,0823"
visuell Magnitude 5,570 mag
Spektralklass: K3V
Astrometrie
Radialvitess: -18,83 ± 0,07 km/s
Parallax: 152,76 ± 0,29
Distanz 21,35 ± 0,04 Lj.
Liichtkraaft 0,28 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: 0,794+0,037−0,022 M☉
Radius: 0,80 ± 0,04 R☉
Metallizitéit: + 0,20
Uewerflächentemperatur 4.710 K
Alter: ~12,46 Milliarden
Aner Bezeechnungen
ADS ADS 4506
Bonner Duerchmusterung BD + 56°2966
Bright Star Catalogue HR 8832
Henry-Draper-Katalog HD 219134
Hipparcos-Katalog HIP 114622
2MASS J20450949-3120266
SAO SAO 35236
Tycho-Katalog TYC 4006/1866/1
Weider Katalogen FK5 875, GCTP 5616.00,
GJ 892, LFT 1767, LHS 71

Den HR 8832 (oder HD 219134) ass en orangen Haaptreiestär mat der Spektralklass K am Stärebild Cassiopeia. Hie läit ongeféier 21,35 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. De Stär huet e Planéitesystem mat véier nogewisenen Exoplanéiten.

Mat enger visueller Hellegkeet vun der 6. Gréisst ass den HR 8832 bei däischterem Himmel ouni Mound a Liichtverschmotzung och mat bloussem A ze gesinn. Hie steet ëstlech vum groussem Himmels-W, deen duerch d'Haaptstäre vum Stärebild Cassiopeia geformt gëtt.

Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den HR 8832 ass méi kleng an huet manner Mass wéi eis Sonn an huet ongeféier 80% vun der Sonnemass respektiv vum Sonneradius.

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

Den 30. Juli 2015 hat en Astronomenteam d'Entdeckung vu véier Exoplanéiten ëm den HR 8832 op Grondlag vu Miessdate vum Spektrograph HARPS-N um Telescopio Nazionale Galileo op La Palma publizéiert. De Stär war mat Hëllef vun der Radialvitessmethod endeckt ginn. De bannenzege Planéit, HD 219134 b, zitt, vun der Äerd aus gesinn, direkt viru sengem Stär HR 8832 laanscht. Hie konnt dofir mam Spitzer-Weltraumteleskop och mat der Transitmethod nogewisen a bestätegt ginn. Den HD 219134 b ass bis elo dee sonnennoosten entdeckten Exoplanéit, bei deem eng Transitobservatioun méiglech ass. Hien huet ongeféier den 1,6-fachen Äerdradius an ongeféier déi 4,5-fach Äerdmass. Duerch déi bekannt Date vum Radius a klengste Mass huet sech d'Dicht vum Planéit op ongeféier 5,89 cm3 schätze gelooss, woumat den HD 219134 b als Gestengsplanéit anzeklasséieren ass.

Déi zwéi follgend Planéiten hu jee déi 2,7-fach respektiv 8,7-fach Äerdmass a kreesen och zimmlech no ëm hire Stär. Méi wäit ewech ass nach e masseräiche Planéit nogewise ginn, deen ongeféier 20% vun der Jupitermass huet.

Planéitesystem vum HR 8832 (HD 219134)
Planéit
(no Distanz vum Stär)
Entdeckung
(Joer)
Mass
(an M)
Radius
(an )
Ëmlafzäit
(an Deeg)
Grouss Hallefachs
(an AE)
Exzentrizitéit
HD 219134 b 2015 4,46 ± 0,47 1,606 ± 0,086 3,0937 ± 0,0004 0,0382 ± 0,0003 0,0+0,13−0,0
HD 219134 c 2015 2,67 ± 0,59 6,765 ± 0,005 0,064 ± 0,001 0,0+0,26−0,0
HD 219134 d 2015 8,67 ± 1,14 46,78 ± 0,16 0,234 ± 0,002 0,32 ± 0,14
HD 219134 e 2015 62 ± 6 1190+379−34 2,14+0,43−0,02 0,27 ± 0,11

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie