Hans Clarin

Vu Wikipedia
Hans Clarin
Gebuertsnumm Hans Joachim Schmid
Gebuer 14. September 1929
Wilhelmshaven
Gestuerwen 28. August 2005
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Synchronspriecher, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

Den Hans Clarin, gebuer de 14. September 1929 zu Wilhelmshaven a gestuerwen den 28. August 2005 zu Aschau im Chiemgau, war en däitsche Schauspiller a Synchronspriecher.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich huet de Clartin säi Wee aus dem héijen Norde vun Däitschland an dat zerbombte München fonnt, wou e sech un enger Schauspillschoul ageschriwwen huet. 1951 konnt en dann och direkt éischt grouss Erfolleger op der Bün vum Bayeresche Staatstheater feieren. Nieft senger Carrière beim Theater huet en zanter den 1950er Joren och a ville Filmer an zanter den 1960er Joren a ville Fernseeproduktioune matgespillt. Wéi op der Bün huet en dobäi gläichermoossen an tragesche wéi och a komesche Rollen iwwerzeege kënnen, woubäi en et verstanen huet fir déi zwéi Genre brillant mateneneen ze vermëschen.

Dem grousse Publikum gouf de Clarin awer eréischt an den 1960er Joren e Begrëff, an zwar als däitsche Synchronspriecher vum Kookie (gespillt vum Edward Byrnes) an der erfollegräicher US-amerikanescher Fernseeserie 77 Sunset Strip. Op d'mannst grad sou bekannt ass en als Stëmm vum Pumuckl, souwuel am Fernsee wéi och a Lauschterspiller. Och d'Titelroll fir d'Lauschterspillkassetten Hui-Buh - Das Schlossgespenst gouf vun him geschwat.

Vun den zirka 100 Fernsee- a Kinofilme bei deenen de Clarin matgewierkt huet, sinn déi bekanntst wuel Weißblaue Geschichten am Fernsee an Das Wirtshaus im Spessart (1957) um groussen Ecran.

Den 28. August 2005 ass den Hans Clarin am Alter vu 75 Joren a senger Wielheemecht Aschau am Chiemsee un Häerzversoe gestuerwen. Seng lescht Filmroll war déi vum Kastellan an der Hui Buh-Verfilmung vum Michael Herbig, déi 2006 an d'Kinoe komme soll.

Filmographie[änneren | Quelltext änneren]

Kino[änneren | Quelltext änneren]

TV (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1954: The Black Forest - Regie: Gene Martel - Haaptacteuren: Akim Tamiroff, Wolfgang Büttner
  • 1955: Madame Aurélie - Regie: Wilm ten Haaf - Haaptacteuren: Ulrich Beiger, Hans Cossy
  • 1956: Die Entführung aus dem Serail - Regie: Kurt Wilhelm - Haaptacteuren: Marianne Koch, Erwin Strahl
  • 1956: Die Bernauerin - Regie: Gustav Rudolf Sellner - Haaptacteuren: Margot Trooger, Maximilian Schell
  • 1960: Ein Sack voll Kleingeld - Regie: Gerlach Fiedler - Haaptacteuren: Carola Höhn, Carola Rasch
  • 1966: Portrait eines Helden - Regie: Michael Kehlmann - Haaptacteuren: Robert Graf, Miriam Spoerri
  • 1968: Die Unbekannte aus der Seine - Regie: Michael Kehlmann - Haaptacteuren: Willy Harlander, Walter Kohut
  • 1969: Pippi Långstrump - (TV-Serie) – (12 Episoden)
  • 1972: Unter anderem Ehebruch - Regie: D.F. Frank - Haaptacteuren: Helga Anders, Friedrich Schoenfelder
  • 1978: Vorsicht! Frisch gewachst! - (TV-Serie) – (10 Episoden)
  • 1979: Es begann bei Tiffany - Regie: Wolfgang Becker - Haaptacteuren: Rutger Hauer, Siegfried Wischnewski
  • 1979-1980: Vater Seidl und sein Sohn - (TV-Serie) – (6 Episoden)
  • 1982-1989: Meister Eder und sein Pumuckl - (TV-Serie) – (52 Episoden)
  • 1983: Der Paragraphenwirt - (TV-Serie) – (13 Episoden)
  • 1984-2001: Weißblaue Geschichten - (TV-Mini-Serie) – (9 Episoden)
  • 1985: Le paria - (TV-Mini-Serie) – (3 Episoden)
  • 1985: Oliver Maass- (TV-Serie) – (6 Episoden)
  • 1986: Das Geheimnis von Lismore Castle - Regie: Franz Josef Gottlieb - Haaptacteuren: Carl-Heinz Schroth, Vera Tschechowa
  • 1987: Hexenschuß - Regie: Franz Josef Gottlieb - Haaptacteuren: Herbert Herrmann, Helmut Fischer
  • 1989: Rivalen der Rennbahn- (TV-Serie) – (10 Episoden)
  • 1987: Killer kennen keine Furcht - Regie: Franz Josef Gottlieb - Haaptacteuren: Herbert Herrmann, Susanne Uhlen
  • 1992: Diese Drombuschs- (TV-Serie) – (5 Episoden)
  • 1994: Der Fotograf oder Das Auge Gottes - (TV-Serie) – (13 Episoden)
  • 1994-1998: Peter und Paul - (TV-Serie) – (14 Episoden)
  • 1999: Pumuckls Abenteuer - (TV-Serie) – (13 Episoden)
  • 2004: Rosamunde Pilcher - Solange es dich gibt - (TV-Serie) – (1 Episod)
  • 2004-2005: Zwei am großen See - (TV-Serie) – (3 Episoden)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Clarin, Hans: Durchgeblättert. Autobiographie. Knaus, Berlin 1995, ISBN 3813540057

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]