Haupeschkapell vun Allënster
Ausgesinn
| ||||
---|---|---|---|---|
D'Kapell vun Allënster aus westlecher Richtung | ||||
Uertschaft / Plaz | Allënster | |||
Par | Regioun Iechternach Saint-Willibrord | |||
Dekanat | Osten | |||
Numm / Patréiner | Hl. Haupert | |||
Koordinaten | 49° 43’ 16.0’’ N 06° 12’ 56.5’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Haupeschkapell zu Allënster ass eng kathoulesch Kapell, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert.
De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert (Hubertus), deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet am Duerfzentrum op der Kräizung vun der rue de Luxembourg an der rue de Larochette, dem CR119, mat der rue de Junglinster, dem CR130A.
Zur fréierer Par Jonglënster hunn ausser der Kapell vun Allënster och nach d'Parkierch vu Jonglënster, d'Filialkierch zu Gonnereng an d'Filialkierch zu Guedber gehéiert.
D'Kapell vun Allënster gouf de 7. Februar 1984 op d'Lëscht vum Zousazinventaire vun den nationale Monumenter agedroen.[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Paren
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Jonglënster
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Haupeschkapell vun Allënster – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vun der Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord
- D'Fënstere vun der Kapell vun Allënster op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
Biller
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Kapell vun Allënster (Nordostsäit)
-
Den Altor vun der Kapell
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).