Kierch Gonnereng

Vu Wikipedia
Kierch Gonnereng

Uertschaft / Plaz Gonnereng
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Sebastian
Konsekratioun 1879
Koordinaten 49° 41’ 39’’ N
      06° 14’ 59.3’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch zu Gonnereng ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Jonglënster gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellege Sebastian, deem säi Fest den 20. Januar gefeiert gëtt.

Si steet zentral am alen Duerfkär op der Wuermerer Strooss, dem CR122.

Zur fréierer Par Jonglënster hunn och nach d'Parkierch zu Jonglënster, d'Kapell vun Allënster, an Filialkierch zu Guedber gehéiert.

An der Kierch vu Gonnereng ass zanter Dezember 2011 eng hei am Land ganz seelen englesch Uergel aus dem 19. Joerhonnert installéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierch Gonnereng – Biller, Videoen oder Audiodateien
D'Kierch vu Gonnereng