Heeschbreg
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft an der Gemeng Bech. Fir de Lieu-dit mam änlechen Numm an der Gemeng Bäerdref, kuckt wgl. Heeschbech. |
Heeschbreg | |
---|---|
Heeschbreg (2016) | |
Aussprooch | |
An anere Sproochen |
fr: Hersberg de: Hersberg |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Iechternach |
Gemeng | Bech |
Buergermeeschter | Jill Goeres |
Awunner | 95 |
1. Januar 2023 | |
Koordinaten |
49° 45’ 24’’ N 06° 19’ 41’’ O |
Heeschbreg ass eng Uertschaft an der Gemeng Bech, déi virun allem duerch d'Heeschbreger Bildchen bekannt ass.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]Heeschbreg läit nërdlech vun der Schanz, an engem klengen Dall, duerch dat den Heeschbreger Wee leeft. D'Haiser sinn net laanscht Strooss, mä riets a lénks dovun, zum Deel e bëssen den Hang erop.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'Géigend ëm Heeschbreg war schonn an der Bronzezäit bewunnt: An den 1960er Jore gouf beim Heeschbreger Bildchen eng stengen Aaxt aus där Zäit fonnt[1].
Um Flouer Kaasselt (deen op dat Laténgescht castellum zeréckgeet) si Reschter vun enger bal 300 m laanger gallo-réimescher Befestegungsanlag ze fannen. Dës gouf warscheinlech am 3.-4. Joerhonnert gebaut, wéi d'Germaneniwwerfäll an der Géigend zougeholl hunn. 1976-1977 gouf dës archeologesch ënnersicht[2].
Op der Ferraris-Kaart vun ëm 1775 sinn zu Hirsbourg zwee méi grouss Häff an ee méi e klengt Wiesen ze gesinn. Op der Kadasterkaart vun 1819 sinn nieft der Kapell 5 Häff agedroen.
Kuckeswäertes
[änneren | Quelltext änneren]- D'Heeschbreger Bildchen an enger joerhonnertenaler Eech ass eng bekannt Pilgerplaz bei d'Muttergottes. Et ass zanter 2004 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als Nationalmonument klasséiert.
Galerie
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Kapell vun Heeschbreg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Heeschbreg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.150-151.
- ↑ Raymond Linden: "Eine römische Befestigungsanlage auf Hersberg "Kasselt"." In: Hémecht 1977/4, S.575-590.