Mënschenafen
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Hominiden)
| Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Mënschenafen | |||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
![]() Bonobo (Pan paniscus) | |||||||||||
| Systematik | |||||||||||
| |||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
| Hominidae Gray 1825 | |||||||||||
| Ënnerfamilljen | |||||||||||
D'Mënschenafen (Hominidae) sinn eng Famill aus der Uerdnung vun de Primaten.
Mënschenafen orientéiere sech mat no vir geriichten Aen. Hir Hänn a Féiss hu Fangeren an Zéiwe mat Neel a sinn un d'Gräifen ugepasst. Si hu kee Schwanz an hir Äerm si méi laang wéi d'Been. D'Schëller ass immens beweeglech an d'Gehier grouss a komplex. All Aarte kënnen op zwéi Féiss stoen. Déi afrikanesch Aarten Schimpans a Gorilla, déi sech heefeg um Buedem ophalen, lafen awer op véier Patten a stäipen d'Äerm mat den Handknéchelen of.
De gréissten a stäerkste Mënschenaf ass de Gorilla. Den Orang-Utan ass am Géigesaz zu den anere Mënschenafen en Eenzelgänger.
Systematik
[änneren | Quelltext änneren]- Famill Mënschenafen
- Ënnerfamill Orang-Utan-Afen
- Gattung Orang-Utan (Pongo)
- Ënnerfamill Homininae
- Tribus Gorillaafen
- Gattung Gorilla
- West-Gorilla (Gorilla gorilla)
- Bierg-Gorilla (Gorilla beringei)
- Gattung Gorilla
- Tribus Hominini
- Gattung Schimpansen
- Gewéinleche Schimpans (Pan troglodytes)
- Zwergschimpans (Pan paniscus)
- Gattung Mënschen (Homo)
- Mënsch (Homo sapiens)
- Homo rudolfensis †
- Homo habilis †
- Homo georgicus †
- Homo antecessor †
- Homo erectus †
- Homo ergaster †
- Homo heidelbergensis †
- Neandertaler (Homo neanderthalensis) †
- Homo floresiensis †
- Gattung Australopithecus †
- Gattung Paranthropus †
- Gattung Orrorin †
- Gattung Sahelanthropus †
- Gattung Kenyanthropus †
- Gattung Ardipithecus †
- Gattung Schimpansen
- Tribus Gorillaafen
- Ënnerfamill Orang-Utan-Afen
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Hominidae – Biller, Videoen oder Audiodateien |
