Horst Gläsker

Vu Wikipedia

Den Horst Gläsker, gebuer den 21. Mäerz 1949 zu Herford (Nordrhein-Westfalen) ass en däitsche Kënschtler. Säi Wierk ass eng Kombinatioun aus Musek, Danz, Theater, Zeechnung, Molerei, Skulptur, Installatioun an Architektur.

Seng Carrière[änneren | Quelltext änneren]

Den Horst Gläsker huet vun 1963 bis 1966 eng Léier als Dekorateur vu Butteksfënstere gemaach an huet duerno, bis 1968 als Plakatmoler geschafft. Vun 1970 bis 1973 war hien um Westfalen-Kolleeg zu Bielefeld an huet do säin Ofschloss (Abitur) gemaach. Parallel dozou war hien als Museker aktiv. An den 1960er Joren huet hien zesumme mat senge véier Bridder Danzmusek gespillt; an de 70er Jore war hien a verschiddene Gruppe vun der Krautrock-Ära aktiv. Um Enn vun de 70er Joren huet hien ugefaange Klangskulpturen ze bauen a Museksperformancen ze maachen. Vun 1973 bis 1979 huet hien zu Düsseldorf op der Konschtakademie studéiert. 1975 huet de Gläsker ee Joer laang an enger Bierghütt an der Toskana gelieft, wou hie Landschafts- a Portraitsbiller gemoolt a sech intensiv mat der Wierkung vun de Faarwe beschäftegt huet. An der Zäit duerno huet hien eng Molerei aus senge Faarfpaletten entwéckelt, en huet um Sperrmüll al Perserteppecher gesammelt wou en dunn d'Ornamenter mat psychedelesche Faarwmustere bemoolt huet; hie gouf doropshin aus der Klass gehäit. De Gläsker huet dunn eleng an engem verloossene Raum geschafft an ass Meeschterschüler beim Karl Otto Götz ginn, dem Professer vum Sigmar Polke a Franz Erhard Walther[1].

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Horst Gläsker lieft a schafft zu Düsseldorf. Hien ass mat der Margret Masuch-Gläsker bestuet, mat där hien organisatoresch a kënschtleresch zesummeschafft. Der Koppel hir Kanner sinn allebéid Kënschtler: de Louis ass Museker, Auteur a Filmmécher an d'Cecilia ass Filmmécherin, Kamerafra a Fotografin.

Eenzelausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980: Galerie Löhrl, Mönchengladbach
  • 1981: Konscht- a Muséesveräin Wuppertal / Von der Heydt-Museum
  • 1981: Nei Galerie-Sammlung Ludwig, Oochen
  • 1990: Gustav-Lübcke-Musée, Hamm
  • 1998: Konschtmusée Düsseldorf
  • 2003: Galerie Hans Mayer, Düsseldorf
  • 2005: St. Petri Lübeck

Participatioun bei Ausstellungen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980: Les nouveaux Fauves-Die neuen Wilden, Nei Galerie-Sammlung Ludwig, Oochen
  • 1980: XI. Biennale de la Jeunesse, Musée d'Art moderne, Paräis
  • 1981: Bildwechsel, Akademie der Künste, Berlin
  • 1983: Montevideo Diagonale, Antwerpen
  • 1985: Märchen, Mythen, Monster, Neie Galerie Graz an Rheinisches Landesmuseum, Bonn
  • 1986: Bonnefantenmuseum, Maastricht
  • 1994: Paper Art, International Biennale vun der Pabeierkonscht, Leopold-Hoesch-Musée, Düren
  • 1998: Glut, Kunsthalle Düsseldorf
  • 2004: ARTKlyazma, International festival of contemporary art, Moskau
  • 2007: Tatort Paderborn, Irdische Macht – Himmlische Mächte

Ëffentlech Opträg – Konscht an Architektur (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1988: Mosaik op enger Wand an an engem Buer an der Landeszentralbank, Frankfurt/Main
  • 1988: Wandmolerei, AID-Gebai, Bonn
Déi 4 Vase bei der Cité Judiciaire
  • 1990: Paart vun de 4 Elementer a Wandmolerei, am Posttechnechen Zentralamt, Darmstadt
  • 1998: komplett Gestaltung vun zwéi Kiercheraim, Prisong Gelsenkirchen
  • 1999: Sailen- a Wandmolerei, Paracelsus-Klinick Marl
  • 2008: Scala, Holsteiner Trap, Wuppertal
  • 2008: Kräiz mat Weltespigel, Sankt-Martin Kierch, Langenfeld
  • 2010: 4 faarweg Vasen (FeuEauTerreAir) fir d'Cité Judiciaire an der Stad Lëtzebuerg

Aktiounen a Concerte mat Klangskulpturen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Uergel-Teppech-Concerten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1980: XI Biennale vu Paräis, Musée d'Art moderne de la Ville de Paris
  • 1980: Von der Heydt-Musée, Wuppertal
  • 1981: Nei Galerie-Sammlung Ludwig, Oochen

Dëschconcerten[änneren | Quelltext änneren]

  • 1987: Konschtmusée Chur, Schwäiz
  • 2004: Louisiana-Musàe, Humlebaek, Dänemark
  • 2004: ARTKliazma, International festival of contemporary art, Moskau
  • 2005: Langen-Foundation, Rakéitestatioun Hombroich – Insel Hombroich, Neuss

Lieweg Biller[änneren | Quelltext änneren]

  • 1991: Der Tanz des Schüttelgeistes und die Verführung des Ton, Düsseldorfer Schauspielhaus
  • 1992: Gesang der vier Elemente, Konschthal Recklinghausen, Ruhrfestspiele
  • 1993: Der Gesang der vier Elemente und die Verführung des Lichts, fir d'MEDIALE, Deichtorhalle, Kammerspiel, Hamburg an Städtisches Gustav-Lübcke-Museum, Hamm an ARENA DI SKALA, Lindinger a Schmid, Regensburg

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • (de) Architektenkammer Nordrhein-Westfalen (Hrsg.): Horst Gläsker – Verführung des Raums. Lindinger und Schmid, 2006, ISBN 3-929970-67-8.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Horst Gläsker – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Biografie auf horst-glaesker.de