Hëllef:Sichen

Vu Wikipedia

Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, Inhalter op der Wikipedia ze fannen. Dësen Artikel versicht, en Iwwerbléck iwwer déi verschidde Sichméiglechkeeten ze bidden.

Intern Sichfunktioun

Fir den Artikelbestand vun der Wikipedia ze duerchsichen, gëtt et op der lénkser Säit am Menü zwee Knäppercher, Artikel a Volltext-Sich. Wann een do e Wuert ragëtt, an op d'Tast Enter oder op de Knäppchen Säit klickt, kritt een am beschte Fall direkt den Artikel mat deem Numm. Wann et keen Artikel mat genee deem Numm gëtt, da gëtt een automatesch op d'Volltextsich weidergeleet, déi net op den Artikelnumm limitéiert ass, mä de ganzen Text vun allen Artikelen nom Stéchwuert duerchsicht, dat een aginn huet. Et kann een dës Volltextsich awer och direkt starten iwwer de Knäppche mam selwechten Numm, oder iwwer d'Artikelsich, bei där een d'Sich och op aner Nummraim wéi just den normalen Enzyklopedieberäich dirigéiere kann.

E puer Hiweiser fir d'Benotze vun der Fënster Sichen

  • Mindestens ee Sichbegrëff muss drastoen. Et ginn all Säiten uginn, déi mindestens ee vun de Sichbegrëffer exakt sou wéi Dir en aginn hutt, enthalen. Wann Dir kee Resultat kritt, kuckt eventuell no op Dir Iech net verschriwwen hutt. Deelwierder ginn net als Resultat ugewisen: Eng Sich no Loft liwwert keng Artikelen, déi nëmmen d'Wuert Loftdrock enthalen.
  • Vermeit kuerz oder dacks gebrauchte Wierder. Eng méiglech Ursaach vun enger Sich déi keng Resultater bréngt, besteet doran, datt am Sichterm sougenannte Stoppwierder waren (z. B. den, een, méi, iwwer, wann). D'Sich soll dann ouni déi Stoppwierder widderholl ginn.
  • D'Sichfunktioun mécht keen Ënnerscheed tëscht Grouss- a Klengschreiwung. Eng sich no walfer, Walfer a WALFER liwwert ëmmer dat selwecht Resultat.

Integratioun vun der Sichfunktioun an de Browser

Et gëtt verschidde Méiglechkeeten, fir d'Wikipedia-Sich an ënnerschiddlech Browser z'integréieren. Kuckt dozou wgl. Browser-Ënnerstëtzung.

Hiweiser, wéi Dir d'Sich preziséiere kéint

Säite, bei deenen am Titel Wikipedia:, Benotzer: oder Diskussioun: steet, gi standartméisseg net an d'Sich mat abezunn. Mat der Erweiderter Sich, déi ënnen op der Säit mat de Resultater vun der Sich steet, kënnen awer och aner Nimmraim (Wikipedia-, Benotzer-, Biller- an dozou gehéiereg Diskussiounssäiten) duerchsicht ginn.

  • Boolesch Sich ass méiglech (Sich mat logescher Verknäppung vun de Sichwierder). Mat Hëllef vun de Wierder AND („an“), OR („oder“) an NOT („net“) souwéi duerch Klamere kënne komplex Sichufroe gestallt ginn. Wann näischt agi gëtt, ass AND d'Standardastellung. Sou liwwert beispillsweis eng Sich no Loft NOT Drock all Säite, wou d'Wuert Loft virkënnt, awer net d'Wuert Drock. Eng Sich no Loft AND (Drock OR Fiichtegkeet) weist all Artikelen, déi net nëmme Loft mä och Drock oder Fiichtegkeet enthalen.
  • Regulär Ausdréck kënnen net benotzt ginn.
  • Wildcards (Plazhaler fir verschidden Zeechen) kënne benotzt ginn. Sou liwwert eng Sich no Loft* all Säite, an deene Wierder mat Loft stinn, z. B. Loftdrock.
D'Sichfunktioun erméiglecht eng Rei komplex Ufroen
Sich-Operator Symbol Beispill Resultat
Ausschléisse mat Minus - Wierfel -Rubik Alles iwwer Wierfelen, mä ouni dem Rubik säi Cube
Erweidere mat dem Stäerchen (Wildcard) * *haus All méiglech Zorte vun Haiser
Ongenee Sich mat Tilde (Fuzzy search) ~ Architetkur~ Fënnt wierklech Architektur, ouni ~ kee Resultat
Méi prezis siche mat Klameren ( ) Lëtzebuerg AND ( Geschicht OR Architektur ) Inhalter iwwer Lëtzebuerg kombinéiert mat de Beräicher Geschicht ODER Architektur
Sich a spezifesch Felder intitle: intitle:Haus Fënnt all Artikel wou d'Wuert Haus am Titel virkënnt

Extern Sichmaschinnen

Wéinst der staarker Belaaschtung vum Server kann déi Wikipedia-intern Sich zäitweis desaktivéiert ginn. Da kritt Dir d'Méiglechkeet, iwwer extern Sichmaschinne wéi Google no Wikipedia-Artikelen ze sichen. De Lass-Knäppche funktionéiert awer ëmmer. D'Sich mat externe Sichmaschinnen huet de Virdeel, datt déi all Nimmraim duerchsichen, a Stoppwierder ignoréieren. Et kann allerdéngs passéieren, datt d'Resultater net ëmmer dem aktuelle Stand entspriechen.

Kategorien

D'Kategoriësäite ginn automatesch generéiert. Si lëschten an alphabetescher Reiefolleg d'Artikelen op, déi an eng bestëmmte Kategorie gesat goufen. Als gudde Startpunkt an dës Struktur kann d'Haaptkategorie dengen.

Portaler

An eng Rei vun Themegebidder kann een duerch e Portal eraklammen. Sou e Portal bitt eng Auswiel vun de wichtegsten Artikelen zum Thema ëm dat et grad geet.

Alphabeteschen Index

Den Alphabeteschen Index gëtt eng Iwwersiicht iwwer all d'Artikelen, déi et op der lëtzebuergescher Wikipedia gëtt, schéin alphabetesch zortéiert.

Lëschten

Et gëtt och Lëschten déi bei der Navigatioun hëllefe sollen. Lëschte gi manuell gefleegt a sinn heefeg an den Haaptartikele verlinkt. En Iwwerbléck iwwer all Lëschte ginn d'Referenztabellen (manuell gefleegt) an d'Kategorie vun de Lëschten (automatesch generéiert, enthält all deementspriechend kategoriséiert Lëschten).

Haaptartikelen

Wann e bestëmmtent Thema en Haaptartikel huet, da bitt deen net nëmmen en inhaltlechen Iwwerbléck, mä e féiert duerch d'intern Verlinkung och zu weidere relevante Wikipedia-Artikelen déi zum selwechten Thema gehéieren.

Alphabeteschen Index an Zoufallsartikel

Als Gesamtiwwersiicht gëtt et den Alphabeteschen Index:

0–9 · A · B · C · D · E · F · G · H · I · J · K · L · M · N · O · P · Q · R · S · T · U · V · W · X · Y · Z

Wann een einfach nëmme bliedere wëll, kann een dofir d'Funktioun Zoufallssäit notzen, déi dann iergendee vun de momentanen 63.233 Artikelen opmécht.

Thematesch sichen

Zur Zäit bitt sech fir eng Sich no Themen d'Säit zu eisen Themeportaler un. Wann Dir en Iwwerbléck iwwer e bestëmmt Thema wëllt gesinn, sou hutt Dir (op d'mannst) véier verschidde Méiglechkeeten:

  1. Dir liest Iech den Haaptartikel duerch, deen net nëmmen en inhaltlechen Iwwerbléck bitt, mä och duerch d'intern Verlinkung zu weidere relevante Wikipedia-Artikele féiert. Ausserdeem kënnt Dir Iech och d'Linken op dës Säit (lénks am Menü) uweise loossen, an da gesitt Dir, wéi eng Artikelen all op deen Artikel weisen, deen Dir grad virun Iech hutt.
  2. Dir fuert iwwer d'Portal zum Thema (wann et dat scho gëtt). Portaler gi vun engagéierte Wikipedianer betreit, a bidden nieft enger Auswiel vun de wichtegsten Artikelen zum jeeweilegen Themegebitt och heefeg eng Plattform fir matzeschaffen. Sou gëtt et heefeg d'Méiglechkeet, Artikelen déi nach feelen ze vermierken. En Iwwerbléck iwwer all Portaler gëtt Iech d'Kategorie Portaler (automatesch generéiert; enthält all deementspriechend kategoriséiert Portaler).
  3. Dir kënnt och iwwer d'Kategorië fueren. D'Kategoriesäite ginn automatesch generéiert. Si lëschten an alphabetescher Reiefolleg d'Artikelen op, déi an déi Kategorie gesat goufen. D'Kategoriséierung u sech geschitt manuell. Als gudde Startpunkt an déi Struktur kann d'Haaptkategorie déngen. Den aktuelle Kategoriëbaam vun der Wikipedia ka mam Tool CatTree gekuckt ginn.
  4. Et gëtt och Lëschten déi bei der Navigatioun hëllefe sollen. Lëschte gi manuell geflegt a sinn dacks an den Haaptartikele verlinkt. En Iwwerbléck iwwer all Lëschte ginn d'Referenztabellen (manuell agesat) a Kategorie Lëschten (automatesch generéiert; enthält all deementspriechend kategoriséiert Lëschten).