Ida Faber-Hoesdorff
Ausgesinn
Ida Faber-Hoesdorff | |
---|---|
Gebuer |
28. Dezember 1908 Déifferdeng |
Gestuerwen |
17. November 1998 Bierschbech |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
D'Ida Faber-Hoesdorff, gebuer zu Déifferdeng den 28. Dezember 1908, a gestuerwen am Blannenheem zu Bierschbech de 17. November 1998, war eng lëtzebuergesch Molerin.
Si huet am Lycée zu Esch-Uelzecht studéiert. Aus Gesondheetsgrënn geet se duerno op Baaschtnech. Do krut si Privatcoursen an Zeechnen a Molerei. Si war haaptsächlech Autodidaktin. Spéider huet se Coursë bei der École ABC vu Paräis a Privatcoursë beim Professer Virgile Ghinea, vun der Université Paris 8, geholl.
Den 31. Mäerz 1934 gouf si mam Schoulmeeschter Faber bestuet. Se kruten 2 Kanner. Si hunn zu Beggen gewunnt.
Vu figurative Biller geet si iwwer stiliséiert op abstrakt Konscht. Si huet och Ikonen op Holz gemoolt.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Ida Faber-Hoesdorff – Biller, Videoen oder Audiodateien |