Ieselsfouss

Vu Wikipedia
Ieselsfouss, Ieselshouf
Ieselsfouss am héije Fenn zu Botrange (B), 3.05.2008
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Ënnerräich Tracheobionta
Ofdeelung Bléieplanzen
Klass Magnoliopsida
Ënnerklass Asteridae
Uerdnung Asterales
Famill Asteraceae
Gattung Tussilago
Wëssenschaftlechen Numm
Tussilago farfara
L.

Den Ieselsfouss, respektiv den Ieselshouf (Tussilago farfara), ass déi eenzeg Aart vun der Gattung Tussilago aus der Famill vun den Asteraceae.

Nimm[änneren | Quelltext änneren]

Dem Heng Klees no huet si nach follgend lëtzebuergesch Nimm: Ieselsféiss, Fils avant le père, Kalefuerz, Kazeschéngchen, Leemblat, Moukeblat, Moukepräbbeli.[1] Beim Edmond J. Klein war 1897 follgend Schreifweis ze fannen: Lêmblât, Iêselsfǒss, Iêselshǒf.[2] respektiv beim Joseph Weber am Joer 1890: Lèmblât[3], Ièselsfǒss, Ièselshǒf.[4]

De wëssenschaftlechen Numm kënnt aus dem laténgeschen: Tussilago staamt vun "tússis" = Houscht, de Suffix "-ago" vun "ágere" = verdreiwen. Den Aartennumm fárfara staamt vu "farina" = Miel a "férre" = droen, en Hiwäis op déi gro Hoer vun der Planz.

D'Form vun senge Blieder erënneren un en Houf, dofir heescht d'Planz op Däitsch "Huflattich".

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Planz déi e puer Joer hannereneen erëmkënnt, gëtt tëscht 7 a 30 cm héich a blitt tëscht Mäerz an Abrëll. Hie gehéiert zu den éischte Fréijoersbléier. Seng Bléien entwéckele sech virun de Blieder, dofir gëtt en och "Fils avant le père" genannt, och op Lëtzebuergesch!

Den Ieselsfouss wiisst gär op leemege Plaze laanscht Weeër.

Wéi säi laténgeschen Numm et seet, ass den Ieselsfouss eng Heelplanz géint den Houscht. Seng Blieder ginn (ënner dem Numm "Farfarae folium") an Houschttéi verschafft.

Den Ieselsfouss zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Den Ieselsfouss ass zu Lëtzebuerg geleefeg an net bedreet.[5]

Illustratiounen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Colling, Guy, 2005. Red List of the Vascular Plants of Luxembourg. Ferrantia, 42, 1-77.
  • Klees, Henri, 1994. Luxemburger Pflanzennamen. Beiträge zur luxemburgischen Sprach- und Volkskunde Nr. VIII. 3. Aufl., 182 S., Pierre Linden, Luxemburg.
  • Klein, E.J., 1897. Die Flora der Heimat (sowie die hauptsächlichsten bei uns kultivierten fremden Pflanzenarten biologisch betrachtet. Eine Anleitung zur selbständigen Beobachtung der Lebens- und Anpassungserscheinungen in der Pflanzenwelt). 552 S., Buchdruckerei Justin Schroell, Diekirch.
  • Weber, Joseph, 1890. Lezeburjesch - latein - fransesch - deitschen Dixionèr fun de Planzen. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 12: 43-144.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Tussilago – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Klees 1994 an der Literatur.
  2. Cf. Klein 1897: 521 an der Literatur.
  3. Cf. Weber 1890: 82 an der Literatur.
  4. Cf. Weber 1890: 70 an der Literatur.
  5. Cf. Colling 2005: 53 an der Literatur.