Joseph Weber (Zänndokter)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Zänndokter Joseph Weber. Fir mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Joseph Weber. |
| Joseph Weber | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer | 23. Juni 1856 |
| Gestuerwen | 3. Oktober 1908 |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Schrëftsteller, Botaniker, Linguist, Diplomat, Zänndokter |
| Fonctioun | Konsul |
| Member vun | Société de botanique du grand-duché de Luxembourg, Société des naturalistes luxembourgeois |
|
| |
De Franz Joseph Weber, gebuer den 23. Juni 1856 zu Ierpeldeng (Wolz), a gestuerwen den 3. Oktober 1908 an der Stad Lëtzebuerg[1], war e lëtzebuergeschen Zänndokter, Botaniker, Linguist a Konsul.
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Joseph Weber huet Zännmedezin op der Fakultéit fir Medezin a Chirurgie zu Glasgow studéiert an huet sech de 14. Mäerz 1879 zu Lëtzebuerg als Zänndokter etabléiert.[2]
Zanter 1880 war hie Membre effectif vun der Société de botanique du grand-duché de Luxembourg[3] an huet an der Publikatiounsserie vun dëser Gesellschaft am Joer 1890 de Lezeburjesch - latein - fransesch - deitschen Dixionèr fun de Planzen publizéiert.[4]
De Joseph Weber war Member vun der Commission du Dictionnaire luxembourgeois zanter hirer Ariichtung am Joer 1897.[1]
Bei der Fusioun vun der Société de botanique mat der Société des naturalistes luxembourgeois den 3. Februar 1907 gouf hie Vizepresident vun der SNL.[5]
Weider Funktiounen:
- Chargé de cours fir Italieenesch a fir Stenographie an der Stater Industrieschoul;[1]
- Konsul vun Éisträich (1898)[6]
- General-Consul vun Italien;[7] An där Funktioun huet hie sech tëscht 1902 an 1908 haaptsächlech ëm déi italieenesch Saisonsaarbechter zu Lëtzebuerg bekëmmert.
- Vizekonsul vu Spuenien;[1]
- President vum Cercle sténographique de Luxembourg;[1]
- President vum Veräin Ons Hémecht.[7]
De Joseph Weber war bestuet a Papp vun zwee Kanner.[8]
E Stroossennumm
[änneren | Quelltext änneren]Zu Zéisseng gëtt et eng rue Joseph Weber (L-2717); si steet a Verbindung mat der rue des Prunelles an der rue de la Forêt. Dëse Stroossennumm baséiert op enger Deliberatioun vum Stater Schäfferot vum 14. Februar 1955.[9]
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]- Weber, J., 1885. Dr. A. Rollinger, Notice Biographique. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 9-10: 23-24. PDF 5,5 MB
- Weber, Josef, 1890. Lezeburjesch - latein - fransesch - deitschen Dixionèr fun de Planzen. Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg 12: 43-144. PDF 4,9 MB
- Weber, Joseph, 1907. J.P.J Koltz †, Ehrenpräsident der botanischen Sektion. Ehemaliger Präsident der Botanischen Gesellschaft und des Vereins "Fauna". Nachruf. Bull. Soc. Nat. luxemb. 17: 218-220.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Anonym, 1908. Zum immerwährenden, ehrenden Andenken an Dr. Josef Franz Weber. Zwen Dodekränz. Ons Hémecht 14: 401-403.
- Blum, M., 1909. Freundschaftliches Vergissmeinnicht an den in voller Manneskraft hingeschiedenen Herrn Dr. Franz-Jos. Weber, D.L.S., Zahnarzt, italien. General-Consul, den unvergesslichen Präsidenten des Vereines " Ons Hémecht ". Luxembourg: Fr. Bourg-Bourger, 82 p.
- Kugener, H., 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 3/3 (S-Z). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1343-1756, [1]-23, [1] (J. Weber: S. 1658-1659).
- Massard, J.A., 1990. La Société des Naturalistes Luxembourgeois du point de vue historique. Bull. Soc. Nat. luxemb. 91: 5-214. PDF 12 MB
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 4 5 Cf. Massard 1990: 171 an der Literatur.
- ↑ Durch Beschluss vom 14. März ist Hr. Franz Joseph Weber von Ulflingen als Zahnarzt zur Praxis zugelassen worden. Cf. LW Nr. 63: 2, 17. März 1879.
- ↑ Cf. Liste des membres effectifs in: Recueil des mémoires et des travaux publiés par la Société de botanique du grand-duché de Luxembourg IX-X: 6.
- ↑ Cf. Weber 1890 am Kapitel Publikatiounen.
- ↑ Cf. Massard 1990: 33 an der Literatur.
- ↑ Luxemburger Lexikon, Säit 453
- 1 2 Cf. Blum 1909 an der Literatur.
- ↑ Karl Johann Joseph (*14. Dezember 1885), Rubrik Zivistand am LW vum 19.12.1885; Elisabeth Marie Brigitte (*21. Februar 1888), Rubrik Zivistand am LW vum 25.02.1888.
- ↑ Beck, F., 2011. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? In: Ons Stad, 97 (2011), S. 64.
- Gebuer 1856
- Gestuerwen 1908
- Lëtzebuergesch Auteuren
- Lëtzebuergesch Botaniker
- Lëtzebuergesch Diplomaten
- Lëtzebuergesch Linguisten
- Zänndokteren
- Persounen, no deenen eng Struktur zu Lëtzebuerg genannt ass
- Membere vun der Société de botanique du grand-duché de Luxembourg
- Membere vun der Société des naturalistes luxembourgeois
