Indus (Stärebild)
Date vum Stärebild Indus | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Indus |
Laténgeschen Numm | Indus |
Laténgesche Geenitiv | Indi |
Laténgesch Ofkierzung | Ind |
Positioun | südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 20h 28m bis 23h 28m |
Deklinatioun | -45° 05' bis -74° 25' |
Fläch | 294 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breedegraden | 16° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
Hellste Stär, Gréisst |
α Indi, 3,11m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Microscopium Sagittarius Telescopium Pavo Octans Tucana Grus |
Den Indus ass e Stärebild um Südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]Den Indus ass keen opfällegt Stärebild. Nëmmen zwéi vu senge Stäre si méi hell wéi déi 4. Gréissteklass. Et fënnt een dëst Stärebild tëscht deenen zwéin hellste Stäre vun de Stärebiller Grus a Pavo (Pohunn).
Den Indus kann ee vun Europa aus net gesinn.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den Indus gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet déi Stärebiller am Joer 1603 op sengem Himmelsatlas Uranometria agesat.
Himmelsobjeten
[änneren | Quelltext änneren]Stären
[änneren | Quelltext änneren]B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | Gréisst | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | Al Nair | 3,11m | 120 | K0 III | |
β | 3,67m | 400 | K1 III | ||
θ | 4,39m | 100 | A5 + A7 | ||
δ | 4,40m | ||||
η | 4,51m | ||||
ε | Epsilon Indi | 4,69m | 11,82 | K4 Vk + T1 V + T6 V | |
ζ | 4,90m | ||||
ι | 5,06m | ||||
μ | 5,17m | ||||
ν | 5,28m | ||||
ο | 5,52m | ||||
κ | 5,62m | ||||
ρ | 6,04m | ||||
γ | 6,10m | ||||
π | 6,17m |
Den α Indi, den hellste Stär am Indus, ass 120 Liichtjoer vun eis ewech a gehéiert zu der Spektralklass K0 III.
Den Numm Alnair ass arabesch a bedeit „dee Beliichten“. Dësen Numm huet och de Stär α Gruis am Stärebild Grus.
Den β Indi läit 400 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech a gehéiert zu der Spektralklass K1 II
Den ε Ind ass mat enger Distanz vun nëmmen 11,82 Liichtjoer ee vun den nooste Stären zu eiser Sonn. Seng Liichtkraaft ass net ganz grouss. Si huet nëmmen 13 % Liichtkraaft géintiwwer eiser Sonn. De Stär gëtt vun engem liichtschwaache Brongen Zwerg begleet.
System | Gréisst | Ofstand |
---|---|---|
θ | 4,5/6,9m | 6,7” |
κ | 5,62/6,13m |
Den θ Indi steet op enger Distanz vun 100 Liichtjoer zu eiser Sonn. Et ass een Duebelstäresystem. Déi zwou wäiss Komponente kënne scho mat engem klengen Teleskop observéiert ginn.
NGC-Objeten
[änneren | Quelltext änneren]Messier (M) | NGC | divers | Gréisst | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
7049 | 10,7m | Galaxie | |||
7090 | 10,7m | Galaxie | |||
7205 | 10,9m | Galaxie |
Am Indus sinn d'Galaxien NGC 7049, NGC 7090 an NGC 7205.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Indus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |