Instituto de Astrofísica de Canarias

Vu Wikipedia
Observatoire um Bierg Izaña

Den Instituto de Astrofísica de Canarias ass en astrophysikalesche Fuerschungsinstitut op de Kanareschen Inselen. E setzt sech aus follgende Beräicher zesummen:

Fuerschungseenheeten[änneren | Quelltext änneren]

Astrophysikalesche Fuerschungsinstitut[änneren | Quelltext änneren]

Dat ass den Haaptberäich vum Institut zu San Cristóbal de La Laguna, Teneriffa, deen och de gréissten Deel vun der Fuerschungstechnik, der Admistratioun an de Büroe vun de Wëssenschaftler abezitt.

Observatoire um Teide[änneren | Quelltext änneren]

Am Observatorio del Teide op Teneriffa an enger Héicht vun 2400 Meter, sti virun allem d'Sonnenteleskope GREGOR, VTT, an THEMIS, souwéi vill kleng Nuetsteleskopen.

Observatoire um Roque de los Muchachos[änneren | Quelltext änneren]

De Roque de los Muchachos Observatoire steet op der Nopeschinsel La Palma an der Gemeng Garafía. Doi stinn déi grouss Nuetsteleskopen an d'Sonnenteleskopen SST an DOT. Den Observatoire gouf 1985 gegrënnt an huet déi gréisst Konzentratioun vun Teleskopen op der Nordhemisphär.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Observatorio gouf 1959 gegrënnt an dat éischt Teleskop gouf mat Ënnerstëtznng vun der Universitéit Bordeaux am Joer 1964 installéiert. 1975 gouf den Instituto de Astrofísica de Canarias vum Instituto de Astrofísica, als en Deel vun der Universitéit La Laguna gegrënnt. 1979 huet Spuenien e Vertrag fir Zesummenaarbecht an der Astrophysik mat Dänemark, Schweden a Groussbritannien ofgeschloss, fir modern Teleskopen an d'Observatoiren ze bréngen. Déi Kooperatioun gëtt als European Northern Observatory bezeechent.

1982 ass den IAC ënnerstëtzt vun der Regierung vun der Autonomer Gemeinschaft vun de Kanareschen Inselen, eng Partnerschaft mat der Universitéit vu La Laguna an dem Zentrum vun der Wëssenschaftlecher Fuerschung agaangen. Den Observatorio del Roque de los Muchachos gouf du mat den éischten Teleskopen ageriicht. No an no hu sech d'Belsch, Däitschland, Frankräich, Italien an Norwegen den Ofmaachungen ugeschloss. 1985 war d'offiziell Aweiung vum IAC.

Ufanks der 1990er Joren huet Spuenien dat éischt Teleskop, den IAC-80 entwéckelt a gebaut. 1994 gouf e Kontrakt iwwer d'Installatioun vun engem Teleskop mat der Europäescher Weltraumorganisatioun am Observatorio del Teide getraff. 2000 gouf en Terrain zu Breña Baja (Santa Cruz de Tenerife) fir den Centro Común de Astrofísica en la Palma (CALP) kaf. Fir den Observatoire z'erreechen huet dat der Insel eng besser Infrastruktur bruecht.

1994 gouf d'Gesellschaft Grantecan S.A. fir de Gran Telescopio Canarias mat Ënnerstëtzung vun de Regierunge vun de Kanareschen Inselen a vu Spuenie gegrënnt.

Wichteg Entdeckunge vum IAC[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]