Interstellaart Äis

Vu Wikipedia

Interstellaart Äis, oder kosmescht Äis, besteet aus Käre vu flüchtege Stoffer an der fester Phas, déi sech am interstellare Medium bilden.

Genesis[änneren | Quelltext änneren]

Äis a Stëbskäre bilden d'Haaptmaterial, aus deem d'Sonnesystem gebilt gouf. Äiskäre sinn an den dichte Regioune vun de Moleküllwolleken, an deenen och nei Stären entstinn. D'Temperaturen an dëse Regioune kënne bis zu zéng Kelvin ausmaachen, wouduerch Moleküllen, déi mat den Äiskäre kollidéieren, en äisege Mantel bilde kënnen. Dono ginn déi bedeelegt Elementer thermesch iwwer d'Uewerfläch beweegt a bilde schliisslech Verbindunge mat aneren Elementer. Dat féiert zur Bildung vu Waasser a Methanol. An dësem Waasser- a Methanoläis sinn och aner Verbindunge wéi Ammoniak, Kuelemonoxid an Kuelendioxid. Gefruerene Formaldehyd a molekulare Waasserstoff kënnen och derbäi sinn. Kleng Deeler vun Nitrilen, Ketonen, Ester an Carbonylsulfid sinn och derbäi. D'Mäntel vun interstellaren Äiskäre sinn am Allgemengen amorph a ginn nëmme a Presenz vun engem Stär kristallin. Fuerschungsresultater weisen, datt e Groussdeel vum Waasser am Sonnesystem, wéi d'Waasser op der Äerd, an an de Scheiwen ëm de Saturn an d'Meteoritte vun anere Planéiten, scho virun der Gebuert vun der Sonn do war a vun interstellarem Äis staamt.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

D'Zesummesetzung vum interstellaren Äis kann duerch säin Infraroutspektrum bestëmmt ginn. Wärend d'Stäreliicht duerch eng äishalteg, molekular Wollek geet, absorbéieren d'Molekülle an der Wollek Energie. Dës Absorptioun trëtt bei de charakteristesche Schwéngungsfrequenzen vum Gas an dem Stëbs op. Äisunzeechen an der Wollek sinn an dëse Spektren relativ prominent an d'Zesummesetzung vum Äis kann duerch Verglach mat Prouwe vun Äismaterial op der Äerd bestëmmt ginn.

Am September 2012 hunn NASA-Wëssenschaftler matgedeelt, datt polyzyklesch aromatesch Kuelewaasserstoffer (PAK), déi de Bedéngunge vum interstellare Medium ausgesat sinn, duerch Hydréierung, Oxygenéierung an Hydroxyléierung a komplex organesch Stoffer ëmgewandelt ginn. Dat ass e Schrëtt op dem Wee zu Aminosaier an Nukleotiden, déi d'Grondstoffer vu Proteinnen resp. DNA duerstellen. Duerch dës Transformatiounen verléieren d'PAKs hir spektroskopesch Signatur. Dat kéint e Gronn dofir sinn, datt et kee PAK-Nowäis an interstellare Äiskäre gëtt, besonnesch a de baussenzege Regiounen vu kalen, dichte Wolleken oder den ieweschte molekulare Schichten protoplanetare Scheiwen.

Koméit 67P/Tschurjumow-Gerassimenko[änneren | Quelltext änneren]

D'Raumsond Philae huet den 18. November 2014 de Koméit 67P / Tschurjumow-Gerassimenko inspizéiert a festgestallt, datt hie vill Waasser an Äis transportéiert. De Bericht vun de Wëssenschaftler hält fest, datt "d'Festegkeet vum Äis ënner enger Schicht vu Stëbs op der éischter Landeplaz iwwerraschend héich ass". Dat fir d'Instrument MUPUS (Multi-Purpose Sensors for Surface and Sub-Surface Science) verantwortlecht Team, dat eng Sond an de Koméit schloe gelooss huet, huet uginn, datt de Koméit haart wéi Äis wier. "Obwuel d'Schlagkraaft vum Hummer lues a lues erop gesat gouf, konnten si net déif an d'Uewerfläch virdréngen", huet den Tilman Spohn (Fuerschungsteamleeder) vum DLR-Institut fir Planéitefuerschung erkläert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie