Gaart vun der Méisproochegkeet

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Jardin du multilinguisme)
Gaart vun der Méisproochegkeet
Lokalisatioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Koordinaten 49°37'22,6"N, 6°8'34,9"O
Fläch 1,15 ha
Numm a 25 Sproochen

De Gaart vun der Méisproochegkeet ass e klenge Park um Kierchbierg, an der Stad Lëtzebuerg, deen tëschent Januar 2022 a Mäerz 2023 vum Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg ugeluecht gouf.[1] En ass op der Plaz vun engem Deel vum fréiere Jean-Monnet-Gebai, a gouf um Europadag, den 9. Mee 2023, ageweit.[2]

En ass 1,15 Hektar grouss a läit nërdlech vun den dräi Tierm vum Europäesche Geriichtshaff, an deenen (ë. a.) d'Iwwersetzer vun där EU-Institutioun hire Büro hunn. De Gaart soll en Hommage un d'Méisproochegkeet an der Europäescher Unioun sinn.

Dat Ganzt ass als eng Zort Miniatur-Agrarlandschaft ugeluecht, mat enger Varietéit vun heemesche Planzenaarten. Déi eenzel 'Topographië' si mat Weeër verbonnen, an de Park soll sech eegnen, fir do kulturell oder kënschtleresch Aktivitéite kënnen z'organiséieren.

Laanscht d'Weeër goufe 25 Stäiler aus Cortenstol opgeriicht, mat Opschrëften an de 24 offiziell Sprooche vun der Europäescher Unioun, plus d'Lëtzebuergescht (dat keng offiziell EU-Sprooch ass). Vum Europäesche Geriichtshaff koum eng Dolmetscherkabinn dohinner stoen, déi Informatiounen iwwer d'Dolmetschen bereetstellt.[3]

D'Plaz wou de Gaart ass, ass als Terrain de réserve vum Kierchbierg-Fong ausgewisen. De Gaart besteet deemno nëmme sou laang bis den Terrain eng Kéier bebaut gëtt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gaart vun der Méisproochegkeet – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Informatiounspanneaue laanscht de Schantje vum Gaart.
  2. "Den neie Park am Europäesche Quartier." rtl.lu, 09.05.1965.
  3. Dossier de Presse, 2022-02-23.