Jean-François Theisen

Vu Wikipedia
Jean-François Theisen
Gebuer 12. Juni 1865
Gestuerwen 3. September 1926
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Jean François (Franz) Theisen, gebuer den 12. Juni 1865 zu Hunchereng[1] a gestuerwen den 3. September 1926 zu Esch-Uelzecht, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker.[2]

De Franz Theisen war vun 1881 bis 1884 an der Normalschoul. Nodeems hie Schoulmeeschter zu Fréiseng, Leideleng a Mamer war, huet hie seng Carrière als “instituteur primaire supérieur” zu Miersch ofgeschloss.[1]

1914 ass hien aus Gesondheetsursaachen an d'Pensioun gaangen an huet sech op Esch-Uelzecht zeréckgezunn.[1] Do huet hien ugefaange, Politik ze maachen, a gouf 1917 an den Escher Gemengerot gewielt, wou hien de 4. Januar 1918 als Conseiller vereedegt ginn ass.[3] Bis 1920 ass hie Conseiller bliwwen.[4]

Bei enger Ersatzwal fir d'Chamber ass den Theisen bei der Stéchwal vom 11. Mäerz 1918 als Deputéierte vum Escher Kanton gewielt ginn.[5] Hien ass awer nëmme bis den Oktober 1918 an der Chamber bliwwen.[4]

De Franz Theisen war President vum “Lehrer-Unterstützungsverein” (Société des secours mutuels des instituteurs) a Generalsekretär vun der Pompjeesfederatioun.[1] Hie war ee vun de fréie Membere vun der Société des naturalistes luxembourgeois, an déi hien am Juli 1890, wéi hien nach Schoulmeeschter zu Mamer war, opgeholl ginn ass.[6]

De Franz Theisen huet bei verschiddenen in- an auslännesche pedagogeschen Zäitschrëfte matgeschafft.[1]

Gielchen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 Molitor 1931, S. 105; Massard 2015, S. 10.
  2. Doudesannonce vum Jean-François Theisen am Luxemburger Tageblatt vum 4. September 1926.
  3. Luxemburger Wort 1918-01-05, S. 3, Nr. 5/6 (Esch a. d. Alz., 4. Jan.)
  4. 4,0 4,1 Flies, J., 1979. Das andere Esch - An der Alzette. Luxembourg, S. 556.
  5. Luxemburger Wort 1918-03-12, S. 1, Nr. 71 (Zur Escher Kammerersatzwahl)
  6. Massard 2015, S. 8.