Jean-Henri-Guillaume Krombach

Vu Wikipedia
Jean-Henri-Guillaume Krombach
Johann Heinrich Wilhelm Krombach 01.png
Gebuer 16. September 1791
Moers
Gestuerwen 23. Februar 1881
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Botaniker, Apdikter
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Jean-Henri-Guillaume Krombach oder Johann Heinrich Wilhelm Krombach, gebuer de 16. September 1791 zu Moers bei Krefeld a Preisen, gestuerwen den 23. Februar 1881 an der Stad Lëtzebuerg, war e Botaniker, Agronom an Apdikter.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hie war Professer fir Botanik an Agronomie an de Kolléische vun Dikrech an Ettelbréck.

Duerch Gesetz vum 6. Mäerz 1850 krut hien iwwer de Wee vun der Naturalisatioun déi Lëtzebuerger Nationalitéit.[1]

De J.-H.- Krombach war eng bekannt Persoun am Krees vun den Naturinteresséierten an der leschter Hallschent vum 19. Joerhonnert zu Lëtzebuerg. Hie war deen éischte President vun der Société de botanique (déi 1907 mat der Société des naturalistes luxembourgeois fusionéiert huet). De Krombach war den Auteur vun der Flore du Grand-Duché de Luxembourg vun 1876 an hie war och ee vun de Promoteure vum Botanesche Gaart vun der Stad Lëtzebuerg, deen am Louvignys-Park (net wäit vun der Krombach-Eech ewech, do wou haut d'Spillplaz mam Pirateschëff ass) op de Festungsiwwerreschter amenagéiert gouf.

Engagement[änneren | Quelltext änneren]

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Krombach, J.-H.-G., 1875. Flore du Grand-Duché de Luxembourg. Plantes phanérogames, Joris, Lëtzebuerg, 564 S. (D'Wierk op archive.org)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Henri-Guillaume Krombach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Loi qui accorde la naturalisation au sieur Krombach, pharmacien à Ettelbruck, publizéiert am Mémorial Nr 49 vun 1850, S. 465-466
  2. D'Gesellschaft gouf och nach Comité botanique genannt.