Jean-Jacques Becker

Vu Wikipedia
Jean-Jacques Becker
Gebuer 14. Mee 1928
11. Arrondissement
Gestuerwen 10. Juli 2023
Courbevoie
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Historiker, Universitéitsprofesser, Lycéesprofesser
Partei PCF

De Jean-Jacques Becker, gebuer de 14. Mee 1928 zu Paräis, a gestuerwen den 10. Juli 2023, war e franséischen Historiker, Spezialist vum Éischte Weltkrich.

Seng Jugend an den Zweete Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Jacques Becker staamt aus enger politesch lénks orientéierter Biergerfamill, vu jiddescher Ofstamung mä awer net Praktikant an zudeem ganz dejudaiséiert.[1] Säi Papp huet als Verkeefer an der Firma Jouet de Paris geschafft; seng Mamm huet sech ëm d'Erzéiung vun de 4 Kanner gekëmmert.[1]

Wéi den Zweete Weltkrich 1939 ausgebrach ass, war de Krich zwar present mä en huet awer keng dominant Roll am Alldeegleche gespillt. Nom däitschen Amarsch an der Kapitulatioun 1940, ënner dem Vichy-Regime, hu sech d'Antisemitismus-Mesuren ëmmer méi spiere gelooss, wéi zum Beispill Verhaftungen, Kënnegungen an d'obligatorescht Droe vum giele Stär[1] Wéi déi däitsch Arméi am Summer vum Joer 1942 zu Paräis amarschéiert ass, huet sech d'Famill Becker dofir decidéiert, an déi franséisch fräi Zon ze flüchten[1] No kuerzen Openthalten a verschiddenen Dierfer huet d'Famill sech bis zum Krichsenn zu Grenoble installéiert.[1] D'Liewen an der fräier Zon war net ëmmer einfach well de Papp keng bezuelten Aarbecht hat.[1]

1943 huet sech d'Situatioun fir d'Famill Becker verschlëmmert, wéi, no der Néierlag vum Benito Mussolini, déi Däitsch och déi bisdohi fräi Zon besat hunn. Séier koum et och do zu Juddeverfollegungen[1] Doropshin hunn dem Becker seng zwee Geschwëster, d'Annie a den Henri, sech an déi kommunistesch Resistenz engagéiert. Säi Papp huet sech manner engagéiert aus Angscht, seng Famill a Gefor ze bréngen[1] D'Annie gouf séier ee vun den Haaptacteure bei der Schafung vun der Kommunistescher Jugendbeweegung. Den Henri huet iwwerdeems eng méi konkreet Roll an der Resistenz gespillt, dat heescht a Saache Bomme leeën, Vëloe klauen, etc.[1] De Jean-Jacques Becker ass deemno an engem Resistenzler-Milieu opgewuess, ouni deementspriechend aktiv matgewierkt ze hunn.[1] Wéi Frankräich befreit gouf, konnt d'Famill Becker nees op Paräis zeréck, wou se hiert Appartement an hir Miwwelen erëmkruten[1]

Kommunisteschen Engagement[änneren | Quelltext änneren]

Nom Krich huet de Jean-Jacques Becker op der Sorbonne zu Paräis ugefaange Geschicht ze studéieren, fir déi e scho vu Klengem un eng grouss Faszinatioun hat[1] Fir säi Studium kënnen ze finanzéieren huet hien hallefdaags als Sekretär bei Médecin français geschafft, enger vun de ville Publikatioune vun der Kommunistescher Partei. Doduerch huet hien d'Theorien an d'Aktivitéite vun där Partei kennegeléiert a sou huet seng kommunistesch Educatioun ugefaangen[1] Effektiv war Kommunist sinn zu där Zäit ganz aktuell, gouf et dach fir jonk Leit, déi sozial oder politesch aktiv wollte ginn, praktesch just zwou Organisatiounen: déi kathoulesch an déi kommunistesch.[1]

No der Befreiung vu Frankräich hu sech vill Leit dem Kommunismus zougedréint, net néidegerwäis aus ideologesche Grënn mä éischter wéinst enger gewësser Bewonnerung fir d'Sowjetunioun an där hirem erfollegräiche Kampf géint den Nationalsozialismus.[1]

De Jean-Jacques Becker ass an engem Ëmfeld opgewuess dat favorabel war fir der Kommunistescher Partei bäizetrieden. Seng Schwëster war um gudde Wee fir eng wichteg Roll an der Partei ze spillen a säi Brudder war och an der Partei engagéiert. Hiert Engagement an der Resistenz huet dozou bäigedroen datt de Jean-Jacques Becker si wéi Modeller gesinn huet. De Becker schreift a senger Autobiographie, hie wier éischter op eng natierlech Aart a Weis zum Kommunismus hi 'geschubst' ginn, wéi datt e sech kloer dofir entscheet gehat hätt.[1]

Wärend dem Universitéitsjoer 1946-1947 ass de Becker an de Cercle vun de kommunistesche Geschichtsstudenten agetrueden. Si hu Fluchblieder ausgedeelt, Plakater gepecht, Zeitunge verkaaft, asw.[1] Mä de Becker huet séier gemierkt dat dës ”Militanteroll” him net géif entspriechen. Dat erkläert sech doduerch datt hien net deen néidege Kontaktmënsch war an alles dat verworf huet, wat hien dozou géif zwéngen, aner Leit z'iwwerzeegen. Dat huet näischt u sengem kommunistesche ”Glawe” geännert, an de Kommunismus war nach ëmmer en erstriewenswäert Ideal fir hien.[1]

Als kommunistesche Geschichtsstudent war et normal d'Geschichtsléier, well se "bourgeois" wier, ideologesch ze bekämpfen. Besonnesch d'Geschichtsproffe vu moderner an Zäitgeschicht krute virgeworf datt hir Iddien net marxistesch genuch wieren. Deemools gouf et op der Uni ganz wéineg kommunistesch Proffen.[1]

D'Studenten an der Cellule d'Histoire hate besonnesch op den Ernest Labrousse an de Fernand Braudel gesat. De Labrousse war e prominente Professer vun der Wirtschafts- a Sozialgeschicht op der Sorbonne. Him gouf virgeworf datt seng Aarbechten net marxistesch genuch wieren. Wat de Fernand Braudel ubelaangt, war hien d'Haaptfigur vun der École des Annales nom Marc Bloch a Lucien Febvre. An den 1970er Joren hunn d'Annales op d'Sozial- a Wirtschaftsgeschicht gepocht. D'"longue durée" an Trennung vu Strukturen an Evenementer koume bei villen Historiker an de Gebrauch. D'Geschicht vun engem Evenement war fir d'Annales onwichteg well se als instabil bezeechnet gouf.[2] D'kommunistesch Geschichtstudenten hunn der École des Annales reprochéiert, antimarxistesch an antikommunistesch ze sinn an dofir ware s'och der Meenung datt dës ”nei” Schoul weeder progressistesch nach wëssenschaftlech wier.[1]

Wéi de Becker sech no sengem Studium an der Provënz installéiert huet, gouf hien net mat enger ideologescher Ruptur konfrontéiert mä ganz einfach enger anerer Form vu Kommunismus. Ausserdeem huet d'Ausstralung vum Kommunismus bei ville Leit an den 1950er Jore bemierkbar nogelooss.[1]

An déi Zäit sinn Ereegnesser gefall, wéi zum Beispill d'"titistesch Kris", déi verschidde Krisen an de Volleksrepubliken a schlussendlech de Rapport vum XX. Kommunistesche Kongress nom Doud vum Stalin, déi d'Ideologie vum Kommunismus a sengen Ae geschwächt hunn.[1]

De Becker war der Meenung datt een de Kommunismus net huet missen u sech a Fro stellen, mä éischter einfach nees op déi richteg Bunn bréngen. Am Réckbléck vun den 2000er Jore stellt hien dëse Glawen, de Kommunismus änneren ze kënnen, als seng gréisst Illusioun duer.[1]

Schlussendlech huet en agesinn, datt d'Ideal un dat hie mat sou vill Ardeur an Devouement gegleeft huet, nëmmen e Bedruch war.[1] Nach zum Schluss vum selwechte Joerzéngt hëlt hie progressiv seng Distanz mat der Kommunistescher Partei, ouni Skandal oder Reproche. De Jean-Jacques Becker hat dësem näischt virzewerfen, hie gesouch et als säin eegene Feeler drop eranzefalen. Wéi hien 1960 zu Paräis am Lycée Louis Arago agestallt gouf, Coursen ze ginn, huet hie sech fir ëmmer vum Kommunismus a vun all politeschem Engagement lassgesot.

A senger Autobiographie explizéiert de Jean-Jacques Becker, datt e seng Zäit als Kommunist net bereie géif. Nom Zweete Weltkrich wier eng allgemeng Stëmmung gewiescht, no Neiem ze sichen an eng nei, verbessert Gesellschaft wéi déi virum Krich opzebauen. Deemools gouf de Kommunismus als en akzeptabele Modell gesinn, fir déi néi Gesellschaft kënnen opzebauen.

1968 huet de Becker seng Dokteraarbecht ugefaange mam Titel "L'opinion publique française et les débuts de la Grande Guerre". Säin Tuteur war de Pierre Renouvin, ee vun de bekanntste franséischen Historiker an och Spezialist vum Éischte Weltkrich.[1] 1967/1968 gouf de Becker Chargé de cours am Geschichtsdepartement op der Universitéit zu Nanterre, duerno Maître-assistant, eng ganz wichteg Etapp an der universitairer Carrière zu der Zäit.

1968/1969 gouf e Mataarbechter vum René Remond, engem Historiker a Politolog, fir säi Seminar Comment meurent les régimes. Fir de Becker war dee Seminar symbolesch fir d'Ereegnesser vun 1968, an en huet dee Seminar iwwerholl, nodeem de Remond pensionéiert gouf.[1]

Den Historiker[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Jacques Becker huet sech schonn als Kand fir d'Geschicht intresséiert. Am meeschten huet hie sech fir déi franséisch zäitgenëssesch Politik a fir den Éischte Weltkrich intresséiert. A béide Fäll, wat en am meeschten intresséiert huet waren d'Roll vun de Meenungen an d'Verhalen[1] Och de Kommunismus an den Antikommunismus waren dacks Theema vu sengem Studium.[1] Seng Schwëster, d'Annie Kriegel, ass eng vun de bekanntste franséischen Historikerinnen iwwer de Kommunismus. 1964 hu se zesummen e Buch publizéiert 1914, la guerre et le mouvement ouvrier français.

A senger Autobiographie, ouni kënnen z'erkläre wéisou dat de Fall war, schreift de Becker datt et fir hien am viraus kloer war datt hie sech géif a Saache Grousse Krich spezialiséieren. Hien huet den éischten Deel vu senger Jugend an den Erënnerunge vun anere Leit geschwieft an hie gouf dacks mat den Auswierkunge vum Véierzéngter Krich konfrontéiert. An den 1940er Joren hunn déi zum alldeegleche Bild gehéiert.[1]

Universitéiten[änneren | Quelltext änneren]

1976 huet de Becker seng Dokteraarbecht mam Titel L'opinion publique française et les débuts de la guerre de 1914 gemaach. Säi Sujet war an där Zäit nach net sou richteg unerkannt. D'Annales hunn nämlech deemools d'Historiographie dominéiert an alles ofgeleent, wat Geschicht vun Ereegnesser war.[1]

Hie war bis 1977 Maître-assistant op der Universitéit Paris-X Nanterre. Duerno gouf hien tëscht 1977 an 1985 Professer op der Universitéit Clermont-Ferrand, wou en 1982 fir dräi Joer zum Doyen vun der ”Faculté des Lettres” gewielt gouf. Tëscht 1984 an 1994 goung en zeréck op Paris X-Nanterre, wou en tëscht 1986 an 1989 Vizepresident war.

Hie war laang an den nationale Conseile vun de verschiddenen Universitéiten aktiv. 1990 bis 1992 war en de President vum Jury vun der ”Agrégation d'historiens”. E war ausserdeem Administrateur vum Arméismusée. Zousätzlech war e Vizepresident vun der ”Société d'histoire moderne et contemporaine”, vun der ”Société des études jaurésiennes”, a vun der ”Société des amis Georges Clemenceau”.

Hautdesdaags ass hien un der Spëtzt vum ”Centre de recherche de l'Historial de la Grande Guerre de Péronne”.

Den Historial de la Grande Guerre zu Péronne[änneren | Quelltext änneren]

Dësen Historial, wou hie vun Ufank un derbäi war, war déi lescht grouss Aventure a sengem Liewen. A Frankräich gouf et bis dohi kee grousse Musée iwwer den Éischte Weltkrich. An den 1980er Jore war den Historiker Max Lejeune op d'Iddi komm e Musée ze grënnen deen eng vun de gréisste Schluechte vum Véierzéngter Krich géif commemoréieren, d'Schluecht vun der Somme. Déi Schluecht war ni commemoréiert gi wéi déi vu Verdun, déi fir Frankräich symbolesch fir d'Grande Guerre gouf.[1]

Péronne huet als déi perfekt Plaz fir sou ee Musée geschéngt. Den Historial sollt gläichzäiteg e Musée an och eng geschichtlech Erënnerungsplaz sinn. Dee Projet huet international Historiker a Spezialiste vum Éischte Weltkrich zesummebruecht, ënner anerem och dem Jean-Jacques Becker säi Meedchen, d'Annette Becker. D'Zil war, et e Musée vun de verschiddene Vëlker wärend dem Krich ze maache mat Hëllef vun enger neier Formule, der Krichskultur. De Musée huet also missen déi verschidde Komportementer vun de Gesellschaften an de Länner, déi um Krich bedeelegt waren, zesummebréngen: Zaldoten, Zivilisten, Baueren, Aarbechter, also déi ganz Populatioun.[1] D'Geschicht stoung am Mëttelpunkt, mä et sollt gläichzäiteg eng Aart Versöhnungsversuch sinn, besonnesch tëscht Däitschen a Fransousen. Ausserdeem sollt en net ee reng franséische Geschichtsmusée sinn, mä ee vun dräi Vëlker (Frankräich, Däitschland a Groussbritannien).

Nieft dem Musée gouf och ee Centre de recherche kreéiert, mam Jean-Jacques Becker als President. Fir dës nei Historiographie erëmzespigelen, ass, ënner der Direktioun vum Becker an an Zesummenaarbecht mat alle Membere vum Comité Directeur vum Centre de Recherche, d'Encyclopédie de la Grande Guerre publizéiert ginn.

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Dictionnaire de la Grande Guerre. Bruxelles 2008.
  • Encyclopédie de la Grande Guerre 1914-1918. Paris 2004.
  • L'année 14. Paris 2005.
  • L'Europe dans la Grande Guerre. Paris 1996.
  • La France en guerre (1914-1918). La grande mutation. Bruxelles 1996.
  • La France, la nation, la guerre. Paris 1995
  • Les Français dans la Grande Guerre. Paris 1980.
  • La Grande Guerre.Une histoire franco-allemande. Paris 2008.
  • La Première Guerre mondiale. Paris 2003.
  • Les sociétés européennes et la guerre de 1914-1918. Nanterre 1990.
  • Victoires et frustations (1914-1929). Paris 1990.
  • 1914, comment les Français sont entrés dans la guerre. Paris 1977.
  • 1914, la guerre et le mouvement ouvrier français. Paris 1964.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Becker, Jean-Jacques, Un soir de l'été 1942....Souvenirs d'un historien. Paris 2009.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,00 1,01 1,02 1,03 1,04 1,05 1,06 1,07 1,08 1,09 1,10 1,11 1,12 1,13 1,14 1,15 1,16 1,17 1,18 1,19 1,20 1,21 1,22 1,23 1,24 1,25 1,26 1,27 1,28 1,29 1,30 1,31 Cf. Becker 2009 an der Literatur.
  2. Lutz, Raphael,Geschichstwissenschaft im Zeitalter der Extreme. Theorien, Methoden, Tendenzen von 1900 bis zur Gegenwart,p.107.