Jean-Nicolas Paquet

Vu Wikipedia

De Jean-Nicolas Paquet (2. Abrëll 1799 am Pafendall - 13. November 1870 zu Bréissel) war e Lëtzebuergesch-belsche Jurist, dee President vun der belscher Cour de Cassation war.

Hien huet nom Kolléisch an der Stad zu Léck Droit studéiert. Hie war 2 Joer laang Affekot um Bezierksgeriicht an der Stad an duerno, vun 1823 bis 1826, zweete Procureur zu Saint-Hubert. Duerno gouf en Untersuchungsriichter zu Dikrech.

No der Belscher Revolutioun ass de Jean-Nicolas Paquet an de belsche Staatsdéngscht agetrueden a gouf bis 1836 President vum Bezierksgeriicht Arel. Duerno war en Uewergeriichtsrot an och President zu Léck, an och eng Zäit laang Generalsekretär vun der Regierung zu Bréissel. 1867 da gouf e President vum belsche Kassatiounshaff.

En ass 1870 gestuerwen.