Jean-Pierre Calteux

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Calteux
Gebuer 12. Juni 1911
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. Oktober 1983
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler


De Jean-Pierre Calteux, gebuer den 12. Juni 1911 an der Stad Lëtzebuerg, an och do den 9. Oktober 1983 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Moler a Graphiker.

No der Primärschoul zu Bouneweg, huet hien eng Léier als Schräiner an der Handwierkerschoul ugefaangen. Duerch ee graven Accident am Schoulatelier, woubäi hie seng riets Hand verluer huet, huet hie missen een neie Beruff aschloen. Spontan huet hie sech fir d'Molerei decidéiert. Nom Ofschloss vu senge Studien an der Handwierkerschoul ass hien op d'École des arts décoratifs de Strasbourg gaangen, wou hien no dräi Joer mat Mentioun seng Etüde bestanen huet. 1935 gouf hie Professer an der Handwierkerschoul.

Am Ufank vu senger Kënschtlercarrière ass hien als Grafiker opgefall. Plakater fir Evenementer[1] a souguer den zweete Fändel vun der Bouneweger Fanfare droe seng Ënnerschrëft[2].

1939 huet hien zesumme mam Félix Glatz an dem Jean-Pierre Beckius een 130 Quadratmeter grousse Panneau mat dem flaache Land an der Muselgéigend fir de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung zu New York entworf.[3].

Nom Zweete Weltkrich huet hie sech ëmmer méi mat der Molerei ofginn. Op villen Ausstellungen huet hie mat groussem Succès seng Aquarellen a Gouachë presentéiert. Wat d'Motiver ubelaangt war hie breet opgestallt, mat Landschaften, Portraiten an Nature-mortën. Virun allem ass hien haut nach duerch seng Blummemotiver bekannt.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tageblatt vum 15.6.1935
  2. Lëtzebuerger Wort vum 1.5.1936
  3. Tageblatt vum 5.6.1939
  4. Memorial N°17 vum 11. Mäerz 1960 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen