Jean-Schortgen-Monument um Téitenger Kierfecht

Vu Wikipedia
Jean-Schortgen-Monument um Téitenger Kierfecht

D'Jean-Schortgen-Monument um Téitenger Kierfecht ass e Monument fir de Biergaarbechter an éischten Aarbechterdeputéierten an der Chamber, de Jean Schortgen, deen an der Grouf leie bliwwe war.

D'Monument gouf um Sonndeg, den 2. Mee 1920, een Dag nom zweeten Doudesdag vum Schortgen, ageweit.[1] Et war d'Resultat vun enger Initiativ vun e puer Leit,[2] déi de 6. Mee 1919 mat der Iddi fir dem Schortgen e Monument opzeriichten un Ëffentlechkeet erugetruede waren. Dësen Denkmalcomité wollt d'Monument bei der Téitenger Schoul opriichten, de Keeler Gemengerot huet sech awer fir den Agank vum Téitenger Kierfecht ausgeschwat.[3] D'Monument aus Sandsteen ass vum italieenesche Kënschtler Duilio Donzelli vun Esch-Uelzecht geschaf ginn.[4]

D'Monument ass och de Grafstee vum Schortgen. De 17. Abrëll 1920 huet de Keeler Schäfferot op d'Proformaufro vum Schortge senger Wittfra d'Erlabnes ginn, seng Läich aus dem Familljegraf um Téitenger Kierfecht erauszehuelen an a säin neit Graf beim Denkmal ze verleeën.[5]

Am Joer 1993, dem Joer vum 75. Anniversaire vum Schortge sengem Doud, ass d'Monument ganz restauréiert ginn, an den 20. September huet d'Lëtzebuerger Post dësen Anniversaire mat engem Timber, op deem de Mineur vum Schortgen-Monument ze gesinn ass, commemoréiert.[6]

De 7. Februar 2020 gouf d'Monument als Nationaalt Monument klasséiert.[7]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Escher Tageblatt, Nr. 102, 3. Mai 1920, S. 1 (In memoriam Johann Schortgen), S. 3 (Denkmalsweihe Johann Schortgen).
  2. Um Graf si genannt: Domenic Siedler, Anton Heiderscheit, Jean Menster, Jean Jost, Peter Berger, Jean Dondelinger a J.B. Siedler.
  3. Kauffmann 1993, S. 68ff.
  4. Escher Tageblatt, Nr. 102, 3. Mai 1920, S. 3 (Denkmalsweihe Johann Schortgen). Kuckt och: J. Lunkes: Die Geschichte der Tetinger Minette. In: Tetingen. Rote Erde, rundes Leder. Sport-Club Tétange, Editpress, Esch-sur-Alzette 1989, S. 268.
  5. Am 3. März 1920 richtete die Witwe Schortgen, geborene Probst Catharina ein Gesuch an die Gemeindeverwaltung. Sie begründete ihr Gesuch wie folgt: "… den Leichnam ihres auf dem Tetinger Friedhof beigesetzten Ehegatten ausgraben zu dürfen und an der von der Gemeindeverwaltung ausgewiesenen Stelle, auf demselben Kirchhof, allwo von der Arbeiterschaft ein Denkmal errichtet wird, wieder zu bestatten." (Kauffmann 1993, S. 69).
  6. Zu seinem 75. Todestag: Eine Briefmarke erinnert an Jean Schortgen. Tageblatt, Nr. 216, 22. September 1993, S. 18.
    J. Frising & A. Link: 150 Joer Käppercher, Bd. 2: Luxemburger Briefmarken 1966-2002. Éditions St-Paul, Luxemburg 2002, S. 120.
  7. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).