Jean de Beck
Jean de Beck | |
---|---|
Gebuer |
1588 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
20. August 1648 Arras |
Aktivitéit | Offizéier |
De Barong Jean de Beck, gebuer 1588 als Jean Beck am Stadgronn, a gestuerwen den 30. August 1648 zu Arras, war en Arméisoffizéier a Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg a vun der Grofschaft Chiny.
De Jean (de) Beck war de Jong vum Paul Beck, engem Buet vum Provënzialrot vu Lëtzebuerg, a senger Fra Catherine Ronck (oder Ronckart). Hie koum am Stadgronn, am Haus Nr 5 (gouf 1958 ofgerappt) vun der Tréierer Strooss, op d'Welt[1].
1619 ass hien an d'éisträichesch-habsburgesch Arméi agetrueden. 1632 oder 1633 gouf e vum Wallenstein zum Generolmajouer ernannt, a 1634 zum Kommandant vun der Garnisoun vu Prag.
De 25. Februar 1634 gouf e vum Ferdinand II. wéinst senge Verdéngschter an der éisträichescher Arméi an den Adelsstand gehuewen. Am Summer 1635, nodeem e mam Wallenstein gebrach hat, koum en nees op Lëtzebuerg.
Den 18. Abrëll 1637 huet de Ferdinand III. hien zum Barong ernannt. Am selwechte Joer gouf e Festungskommandant vun der Festung Lëtzebuerg. D'Joer drop gouf en a Vertriedung, Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny ernannt; den 18. Januar 1642 gouf en offiziell dozou nominéiert. 1643 gouf e "Maître de camp général" vun der Arméi.
1639 huet hien d'Buerg Beefort kaaft an donieft en neit Schlass baue gelooss.
De Beck huet ni vergiess datt hien aus bescheidene Verhältnesser hierstaamt. Obschonn hien e raue Militär war an e beträchtlecht Verméigen ugeheeft hat, ass hie generéis an einfach bliwwen. Wéi hien a Begleedung vu senger Fra feierlech an enger Kutsch als Gouverneur an d'Stad agezunn ass, soll hie gesot hunn: "Wann den Dreck Mëscht gëtt, da wëllt e gefouert ginn"[1].
An der Schluecht vu Lens, den 20. August 1648 gouf e blesséiert an op Arras transportéiert, wou hien awer konsequent all medezinesch Fleeg refuséiert huet[1]. En ass e puer Deeg drop u senge Blesse gestuerwen. Seng Läich koum virun den Altor deen hie fir d'Franziskanerklouschter um Knuedler gestëft hat. Haut steet den Altor an der Kierch zu Izeg.
D'Bastioun Beck vun der Festung Lëtzebuerg, déi 1644, do wou haut d'Konstitutiounsplaz ass, gebaut gouf, ass no him genannt ginn, an eng Strooss an der Stad dréit säin Numm (rue Beck, ouni de Virnumm).
Familiäres
[änneren | Quelltext änneren]Dem Jean de Beck seng Duechter Appolone war mam Georges de Bande bestuet. E Bouf aus deem Bestietnes de Philippe-Ernest de Bande, Här um Schlass vu Waha, war mat der Anne vun Iewerleng bestuet[2].
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Thill, J., 2015. The last battle of Jean de Beck. Alan Freeman. 175 S. ISBN 1503235823 [En historesche Roman].
- Vannérus J., 1934. Jean Beck. Les cahiers luxembourgeois 3, S. 287-296.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jean de Beck – Biller, Videoen oder Audiodateien |